Ausbléck: Randdéif bréngt eis en Dënschden eng Ofkillung

Haut hu mir de wäermsten Dag vum bisherege Joer, mee de richtege Summer kënnt op alle Fall nach net. En Dënschde gëtt et manner waarm.

Advertisement

Vum Wekeend profitéieren

Mir erliewen de Moment déi éischt waarm Phas vum Joer, um Kontinent ginn esouguer summerlech Temperature gemooss. Et däerf een awer trotzdeem net vergiessen, dass eréischt Ufank Abrëll ass. Engersäits seet eis dat, dass esou Wäerter vill ze héich sinn fir d’Joreszäit. Anerersäits heescht dat awer och, dass de richtege Summer, egal ob meteorologesch oder kalendaresch, eréischt an zwee Méint ugeet. Mir wäerten also bis dohi nach vill Schwankungen erliewen.


D’Loftmassen bis en Dënschden | Animatioun: wxcharts.com

Muer um Sonnde ginn tëscht 18 an 22 Grad erreecht, d’Sonn ass tëscht de Schleierwolleken ze gesinn. Vum Nomëtten u besteet och eng kleng Warscheinlechkeet vun enger Schauer oder engem Dimmer. E Méinde gëtt et änlech, dat mat 18 bis 23 Grad. Vum spéidere Nomëtten un hu mir op e Neits d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Schliet.

Vun der Nuecht op en Dënschden op d’Nuecht op e Mëttwoch zitt e Randdéif vum Ärmelkanal a Richtung Dänemark. Dobäi gi méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt, duerch déi d’Temperaturen op tëscht 8 an 12 Grad klammen – et gëtt also ëm méi wéi 10 Grad manner waarm wéi de Moment. An den Deeg drop sollen d’Wäerter awer schonn erëm lues a lues klammen.