De Wochenausbléck: Héichdrockafloss an der zweeter Wochenhallschent

An dëser Woch geet et manner naass virun wéi an de bis elo schonn bal “gewinnten” Deeg. D’Temperature bleiwen, ofgesinn vum Dënschden, an engem mëlle Beräich.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Bis en Dënschden hu mir et nach mat Déifdrockafloss ze dinn, dat duerch Déifdrockgebitter déi westlech vun eis laanschtrauschen. Vun e Mëttwoch un breet sech en Héichdrockgebitt vu Spuenien a Portugal aus a Richtung Mëtteleuropa, a bréngt eis domat eng däitlech manner naass Phas. Besonnesch a Richtung Weekend suergt dëst dann och erëm fir däitlech méi héich Temperaturen, nodeems se muer um Dënschde kuerzzäiteg e gutt Stéck zréckginn.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Vum Méindemëtten bis an de Nomëtten era kënnt et virun allem laanscht de Westen zu eenzelne Schaueren. D’Temperature leien de Moment (08.04.2024 – 13:46) bei 16 an 21 Grad, kënnen et lokal nach eng Kéier bis op 23 Grad packen. Vum Owend un klëmmt vu Frankräich hier erëm e klengen Donnerwiederrisk, well eng gréisser Wiederaktivitéit vu Frankräich hier iwwert d’Belge an de Nordweste vun Däitschland soll duerchzéien. Ob mir eppes ofkréien, gi mir am Laf vum Dag an eisem SkyWatch gewuer.

Muer um Dënschde si bis an de Nomëtten e puer Schauere méiglech, déi awer meeschtens vu schwaacher Natur sinn. A Richtung Owend geet d’Warscheinlechkeet zréck, d’Temperature packen et op just nach 8 bis 13 Grad. Vum Mëttwoch u kënnt den ugeschwaten Héichdrockafloss an d’Spill, deen dofir suergt, dass et fir de Rescht vun der Woch net méi all ze vill soll reenen – quasi bal näischt méi. Just heiansdo ka mol eng Ausnam a Form vun enger lokaler Schauer oder e bësse Fisemreen dobäi sinn. D’Temperature beweege sech vum Donneschden un erëm op 15 Grad duer, an den Deeg drop ass de Wee fräi fir 20 Grad a méi.