Saharastëbs-Konzentratioun dës Kéier méi markant wéi leschte Weekend

Mat der kräfteger südlecher Stréimung, déi eis de Weekend déi méi waarm Loftmasse bréngt, kënnt och erëm Saharastëbs mat. Dëse weist sech awer wuel nach méi intensiv wéi de leschte Weekend – et gëtt also gutt stëbseg dobaussen.

Advertisement

Markant Stëbswollek, Temperaturdrosselung ze erwaarden

Wéi schonn an aneren Artikelen matgedeelt, erwaart eis de Weekend erëm Saharastëbs. Dës Kéier wäert en awer nach en Tick méi intensiv ausfalen, e Sonndemëtte gëtt esouguer e Peak vun ëm 3400 mg/m² an der Atmosphär erreecht. D’Oflagerungen um Buedem wäerte sech däitlech weisen – virun allem do, wou da mol eng Schauer erofkënnt. D’Aktivitéit bleift mol nach bis den Dënschdenomëtten, ier sech d’Situatioun bis e Mëttwoch komplett geluecht huet.


De Peak vun der Aktivitéit gëtt e Sonnden erreecht | Grafik: forecast.uoa.gr

Dës staark Konzentratioun bréngt mat sech, dass den Himmel verschleiert ass. Doduerch ka net dat vollt Potenzial vun der Loftmass ausgenotzt ginn, wat zur Konsequenz huet, dass sech och eis Temperaturen um Buedem net esou kënnen entfale, wéi d’Modeller et weisen. Wann de Stëbs elo net esou markant gewiescht wier, oder en eréischt méi spéit am Laf vum Samsde komm wier, da wieren d’Warscheinlechkeete fir ëm 25 Grad däitlech méi grouss gewiescht. Sollt de Stëbs awer schonn fir d’Mëttesstonn bei eis ukommen, da musse mir eis wuel mat tëscht 20 an 23 Grad zefriddeginn.

Doriwwer eraus reegen d’Stëbspartikelen an der Atmosphär och d’Wollekebildung un, dat well se als Kondensatiounskären fungéieren. Wann also eng Schauerwarscheinlechkeet besteet, gëtt se duerch de Stëbs esouguer e bësse gepusht.