Bilan: Dat war de Stuerm ROXANA zu Lëtzebuerg

Duerch de Stuerm ROXANA war um Sonnde vill lass zu Lëtzebuerg. Dëst ass de Bilan.

Zanter dem Donneschden, 3 Februar um Schierm

Éischt Undeitungen op de Stuerm ROXANA ware schonn den Donneschden an de Wiederkaarten ze gesinn. Séier gouf awer och kloer, dass deen Dag warscheinlech net nëmmen de Wand géif eng Roll spillen, mee och de Reen. Dat, well e méiglecherweis de ganzen Dag sollt unhalen.

An esou sollt et dunn och kommen: schonn um Samsdenowend huet de Wand ugefong, ëmmer weider zouzehuelen. Bewarnt mat giele Wiederwarnunge (no Météo Boulaide Warnkrittären) viru Stuerm an Dauerreen ass den Aflossberäich vum Stuermdéif um fréie Sonndemoien esou richteg bei eis ukomm an huet fir éischt staark Wandstéiss bis an d’Géigend vun de 60 km/h gesuergt. Déi éischt per Wiederstatioun gemoosse Stuermstéiss gouf et vun 13 Auer un, Käerjeng-Kënzeg a Beetebuerg waren déi éischt Statioune mat 76 km/h. Am weidere Verlaf vum Nomëtten huet et weiderhi groussflächeg gereent, de Wand ass ëmmer méi staark ginn. D’Kalfront huet eis um spéidere Nomëtten/fréien Owend erreecht a passéiert, virun der Front ass un der Kachelmannwetter-Statioun zu Wolz e schwéiere Stuermstouss vu 93 km/h gemooss ginn – dëst sollt awer net de Maximum gewiescht sinn.

Orkanaartege Wandstouss zu Wolz

Hannert der Kalfront koume, wéi erwaart, nach eng ganz Partie méi kräfteg Schauere mat an d’Land gezunn, inkl. den engen oder anere klengen Donnerwieder. Duerch eng sou eng Zell ass et géint 21:30 Auer zu Wolz fir en orkanaartege Wandstouss vun 104 km/h duergaangen an huet soumat dem Warntext entsprach, an deem stung, dass wärend de punktuell méi kräftege Nidderschléi Vitesse vun ëm 100 km/h an driwwer net ausgeschloss sinn.

Déi “rouegst” Plaze ware laanscht den Osten & d’Musel ze fannen, do huet de Wand héchstens mol un den 63 km/h gekrazt. Soss huet et sech meeschtens ëmt déi prognostizéiert 75 bis 90 km/h gehandelt.

Äscht a Beem sinn an d’Stroosse gefall, op Plazen am Nordweste vum Land ass de User-Meldungen no zäitweis de Stroum kuerz fort gewiescht.

Dauerreen huet Héichwaasserwarnungen ausgeléist

Nodeems et bis an de Mëtten eran net esou vill gereent huet, wéi bis un dësen Zäitpunkt virausgesot, ass et am Nomëtte séier virugaangen. Am Endeffekt si wärend der ganzer Stuermperiod tëscht 20 a 35 l/m² erofkomm, ronderëm d’Haaptstad waren et esouguer bis zu 46,6 l/m² (ASTA-Statioun zu Mamer). Virausgesot ware bis zu 30 l/m², déi also däitlech iwwertraff goufen. Deementspriechend sinn d’Peegele virun allem an de spéideren Owesstonne séier geklommen, haaptsächlech déi un der Uelzecht. Eng éischt Warnung koum vun der Statioun Péiteng/Chiers, ier dunn d’Uelzecht ëmmer méi betraff war. Wéi duerch Feedback iwwer sozial Netzwierker gewuer ginn, solle laanscht d’Waasser e puer Kelleren iwwerschwemmt gi sinn.

Iwwerdeems et de meeschte Reen also zu Mamer gouf, kënnt d’ASTA-Statioun vu Märel mat 45,1 l/m² op déi zweet Plaz. Déi drëtt Plaz geet un d’Kachelmann-Statioun zu Bartreng mat 44,8 l/m².

1 Kommentar

Kommentar hinterlassen

E-Mail Adresse wird nicht veröffentlicht.