Bilan: Januar 2022 war e bëssen ze waarm a minimal ze dréchen

De meteorologesche Mount Januar ass eriwwer. Dëst ass e klenge Bilan.

MeteoLux mellt ze waarmen a minimal ze dréchene Mount

Un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel, déi och als Referenzstatioun gëllt, war et am Januar liicht ze waarm a minimal ze “dréchen”.

Déi héchst Temperatur gouf et den 2. Januar 2022 mat 10,8 Grad, déi nidderegst ass den 12. Januar 2022 mat -5,5 Grad registréiert ginn. D’Temperaturmoyenne vum ganze Mount louch bei 1,9 Grad, déi laangjäreg Moyenne (Referenzperiod 1991-2010) ass bei 1,4 Grad erëmzefannen. Heescht also, dass de Januar 2022 0,5 Grad ze waarm war.

An engem Januar reent et un der Statioun duerchschnëttlech 72 l/m², an dësem Januar 2022 waren et 68,6 l/m². Et hunn also 3,4 l/m² gefeelt, wat elo net d’Welt ass. Et ass als minimal Anomalie, wann iwwerhaapt, unzegesinn. Am meeschte gereent huet et de 4. Januar mat 29 l/m² an Zäit vu 24 Stonnen. Dëse Reen war Deel vun der Dauerreen-Phas, déi wärend dem 3. an dem 4. Januar 2022 opgetrueden ass. Wärend dëser Period huet et un der Kachelmann-Wiederstatioun zu Béiwen am meeschte gereent, dat mat zesummegerechent 58,6 l/m².

Un am ganzen 12 Deeg huet et op mannst 0,1 l/m² gereent, dorënner war 1 Donnerwieder-Dag a 5 Schnéi-Deeg.

Soss Parameter

Wa mir op d’Sonnestonnen ze schwätze kommen, da fält op, dass och do keng all ze grouss Anomalie opgetrueden ass. Vun duerchschnëttlechen 52 Stonnen huet d’Sonn am Januar 2022 wärend 54,6 Stonne geschéngt.

De lëftegsten Dag war den 2. Januar mat 66,6 km/h.