War et dat elo mam Wanter? Mir geheien e Bléck op d’Laangzäitmodeller

Dëse Mount koum sech de Wanter no laanger Zäit mol erëm esou richteg weisen, dat net nëmme fir e puer Deeg. De Schnéi war elo awer séier fort – ass de Wanter elo gelaf?

Mir froen d’Laangzäitmodeller

Reegelméisseg kucke mir eis d’Laangzäitmodeller un fir eng ongeféier Iddi doriwwer ze kréien, wéi sech déi nächst Méint kéinten entwéckelen. D’Resultat dovun ass awer och wierklech just als Iddi oder Estimatioun opzefassen, net als richteg Prognos – well déi kënne mir meeschtens just 2 bis 3 Deeg am Viraus maachen. Dofir benotze mir engersäits den europäesche Laangzäitmodell, anerersäits huele mir awer och d’Meenung vum amerikanesche Laangzäitmodell mat an d’Boot.

Wa mir op d’Berechnunge fir de Januar zréckkucken, da fällt op, dass dësen bis kuerz, ier en do war, däitlech ze waarm vun de Modeller gerechent gouf. Eréischt kuerz virdrun goufen d’Berechnungen op en duerchschnëttleche Wantermount erofkorrigéiert. Mee wéi ass et dann elo fir de Februar 2024?

Kaarten: NOAA / EFFIS/ECMWF

Fir d’éischt mol e puer Eckdonnéeën: An engem normale Februar läit déi duerchschnëttlech Temperatur bei 2,2°C iwwerdeems 59,5 l/m² Nidderschlag vum Himmel kommen – dat baséierend op den Donnéeë vun der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel.

De Laangzäitberechnunge vum amerikaneschen CFS-Modell no sollt de Mount och net vill aneschters ginn: Dësem no wier mat normalen Temperaturen ze rechnen, iwwerdeems et normal naass bis minimal “ze” naass kéint ginn. Genee wéi et fir de Januar och war, hunn dës Berechnunge virun e puer Woche nach esou ausgesinn, wéi wann de Mount däitlech ze waarm géif ginn.

Komme mir op d’Berechnunge vum europäesche Laangzäitmodell. Dëse rechent eng geréngfügeg Temperaturanomalie vu grad emol 0,5°C op eis duerkommen, dobäi kéinten am Endeffekt ëm 10 l/m² Nidderschlag méi wéi soss erofkommen. Trotzdeem kann een am grousse Ganze soen, dass keng gréisser Differenzen zu den Duerchschnëttswäerter sollten ustoen.

Wat heescht dat elo konkret?

Mir hunn elo gesinn, dass d’Laangzäitmodeller op alle Fall net mat iwwerduerchschnëttlechen Temperaturen oder ze mann Nidderschlag fir de Februar 2024 ënnerwee sinn, wat hisiichtlech dem Schnéi keng schlecht News sinn. Sollt de Februar wierklech esou duerchschnëttlech ginn wéi berechent, da wiere sécherlech och wanterlech Ofschnëtter dobäi, duerch déi et mol ka wäiss ginn. Dat eenzegt, wat ee wierklech muss hoffen, ass, dass sech net op eemol nach eng Westwiederlag bei eis festsetzt. Wärend e puer Deeg ass ok – mee wann dat iwwer Woche geschitt, da wiere just fir e puer Stonne bis eenzel Deeg wanterlech Situatiounen dobäi, ier et séier erëm ze mëll gëtt.

Den Idealfall wier Schnéifall duerch eng nordwestlech Stréimung – dofir bréichte mir Héichdrockafloss iwwert dem Weste vun Europa, iwwerdeems Déifdrockafloss iwwert dem Norden/Nordoste läit. Mir bleiwen um Ball!

Fazit

D’Laangzäitmodeller si net géint e Wanter-Comeback am Februar. Et kënnt also ganz dorop un, ob den Atlantik nach eng Kéier ka blockéiert ginn oder net. Wa jo, wier dat gutt – wa nee, da gesäit et schlecht aus fir de Wanter.