Bilan lescht 24 Stonnen: Lokal esou vill Reen wéi soss an engem Mount

Op ville Plaze sinn de Mëttwoch éischter kleng bis méisseg grouss Reequantitéite vum Himmel komm. Eenzel Géigenden huet et awer trotzdeem zolitt getraff, Iwwerschwemmungen a Waasser am Keller inklusiv.

Vu Géigend zu Géigend gréisser Ënnerscheeder

Iwwerdeems een sech besonnesch a Richtung Zentrum & Weste vum Land gefrot huet, firwat eng Wiederwarnung aktiv ass, war se plazeweis schonn bal net genuch. De Reen ass de Mëttwoch ganz ënnerschiddlech ausgefall, plazeweis sinn Zommen erofkomm déi ee normalerweis an Zäit vun engem Mount gesäit.

Wéi et awer ëmmer erëm betount gouf, war et net sou onwarscheinlech, dass dës gréisser Ënnerscheeder optriede kënnen. Déi fréizäiteg Artikelen dozou fannt Dir eng Kéier hei: LINK an eng Kéier hei: LINK.

D’Radardonnéeën

De Radardonnéeë no gouf et wärend der Dauerreen-Phas 4 Géigenden, déi uerdentlech vum Reen getraff goufen. Eng Kéier war et eng Sträif, déi sech vun knapp nërdlech vun Donkels iwwer Heesdref a Richtung Hëpperdang a Näidsen gezunn huet. Den Donnéeë no sollen an dëser Sträif op mannst punktuell 50 l/m² Reen erofkomm sinn.

Déi zweet Zon war a Richtung Iechternach ze fannen, wou och bis zu 60 l/m² festgestallt goufen. Betraff waren och nach Géigenden, déi direkt südlech vu Konsdrëf leien.

Eng Géigend mat liicht méi héijen Zommen, leider awer bal net mat Wiederstatiounen ofgedeckt, war e klenge Beräich ronderëmt de Mariendall. Punktuell si 40 l/m² erofkomm.

Dann hu mir och nach de Raum Esch-Uelzecht bis op Leideleng erop, an deem och ganz lokal begrenzt bis zu 50 l/m² solle gefall sinn.

Wat hunn d’Wiederstatioune gemooss

Fir dës Radar-Donnéeën ze verifizéieren, hëlt ee parallel nach d’Donnéeë vun de Wiederstatioune mat dobäi. Wéi schonn gesot, ass de Beräich ronderëmt de Mariendall net besonnesch gutt vu Wiederstatioune bedeckt – déi noost Statiounen (Useldéng a Käerch) hu grad emol tëscht 6 a 9 l/m² gemooss.

Un der Spëtzt war definitiv Iechternach. D’ASTA Statioun huet an Zäit vu 24 Stonne 64,1 l/m² Reen gemooss, wat ongeféier esou vill ass, wéi soss an engem duerchschnëttleche September. De meeschte Reen ass de Mëttwoch tëscht 15 a 16 Auer erofkomm, an Zäit vun enger Stonn si 27,9 l/m² gefall.

Déi zweet Plaz beleet d’ASTA-Statioun zu Wëntger mat 56,5 l/m², déi als 24 Stonne-Wäert de Moien um 8 Auer gemellt goufen. Am meeschte gereent hat et tëscht 15 a 16 Auer, dat mat 25,2 l/m².

Op drëtter Plaz ass d’ASTA-Statioun zu Reiler mat 48,3 l/m², de meeschte Reen gouf et och do tëscht 15 a 16 Auer – 22,3 l/m² sinn an Zäit vun enger Stonn gefall.

D’Statioun mam meeschte Reen am Süden war d’ASTA-Statioun zu Réiser mat 32,4 l/m². Dat besonnescht: et haat bis 18 Auer de ganzen Dag nach net gereent, ier dunn tëscht 19 an 20 Auer 29,4 l/m² Reen erofkomm sinn. Dat ass eng uerdentlech Hausnummer.

D’Météo Boulaide-Statioun an der Gemeng Bauschelt huet am genannten Zäitraum just 20,4 l/m² Reen gemooss.

Quell vun den Donnéeën: ASTA, Kachelmannwetter, Météo Boulaide