Bis en Donneschden: Lok. Schnéischaueren, Donnerwieder a Wand bis 75 km/h

Déi kill Loftmasse wäerten eis elo mol eng Zäit laang am Grëff hunn. Dohier net wonnere, wann et lokal esouguer kuerzzäiteg liicht wäiss gëtt. Donnerwieder mat stiermesche Wandstéiss a Knëppelsteng (Graupel) sinn och dobäi.

Advertisement

Kill Loftmassen aus dem héije Norden

E Samsden hate mir nach 25 Grad, haut ass et däitlech méi kal. Plazeweis ass et an der Nuecht och zu liichtem Frascht inklusiv minimale Schnéiquantitéite komm. An och an de nächste Stonnen an Deeg wäert sech d’Grousswiederlag net all ze vill änneren: Duerch héije Loftdrock iwwert dem Atlantik an déiwe Loftdrock iwwert dem Oste vum Kontinent fanne polar Loftmassen hire Wee op Lëtzebuerg. Dës spéit Abréch vu kille Loftmasse si normal fir en Abrëll, och wann d’Temperaturen an dësem Fall awer liicht ënnerduerchschnëttlech wäerten ausfalen.

An der Héicht leie kal Loftmassen: Wa mir beispillsweis op 5 Kilometer iwwert eise Käpp kucke ginn, da sinn do Temperature vu -34°C virzefannen. Dëst ass e groussen Ënnerscheed zu de Wäerter bei eis um Buedem, wat zu enger instabiler Loftmass féiert. Dohier kënne sech, esou wéi gëschter direkt no der Kalfront, sëlleg Schauere forméieren. Dës bréngen eis e spierbare Wand, Blëtz an Donner an deels och kleng Knëppelsteng (Graupel). Op de Koppe ka bei kräftege Schauerpassagen och déi eng oder aner Schnéischauer net ausgeschloss ginn, deemno wéi kann och kuerz eppes geréngfügeges leie bleiwen. Erwaart Iech awer elo kee richtege Comeback vun zentimeterhéijem Schnéi.


D’Nidderschlagszorten bis en Donneschden | Animatioun: wxcharts.com

A Saachen Donnerwieder kënne nieft de Knëppelsteng och Staarkreen esouwéi stiermesch Wandstéiss bis 75 km/h optrieden. Beem, déi duerch de Wand vu gëschter instabil goufen, kéinten doduerch also dann tatsächlech an d’Stroosse falen.

Dat typescht Schauerwieder bleift mol nach bis den Donneschdemëtten, duerno gëtt et generell manner naass. Wann et naass gëtt, da meeschtens nach duerch Frontesystemer.