De Reen-Ausbléck: An der Nuecht op en Donneschden erwaart eis eng Kalfront

An de leschten Deeg huet d’Sonn nach schéi geschéngt, haut ass et däitlech méi gro. En Donneschdemoie fréi steet eis eng Kalfront un, mee wéi vill Reen bréngt déi eis?

Héije Loftdrock kënnt u seng Grenzen

Haut um Dënschden hu mir eng méi déck Couche aus Héichniwwel/héije Wollekefelder iwwer Lëtzebuerg, déi d’Sonn net méi esou duerchloosse wéi an de leschten Deeg. De Moment hu mir och e klengt Déifdrockgebitt iwwert dem nërdlechen Dänemark leien, wat och e bësse seng Fanger am Spill huet: Zumools ëstlech vu Lëtzebuerg sinn de Moment schwaach Nidderschléi ënnerwee. Vun den Owend un kritt sech den héije Loftdrock erëm bësse méi duerchgesat, woumat vu muer am Nomëtten un awer och ëmmer méi Schluss ass.


Eng schwaach Kalfront passéiert eis um fréien Donneschden | Animatioun: wxcharts.com

De Grond dofir ass e massivt Déifdrockgebitt, wat muer den Owend a Norwegen fir immens zolitte Stuerm a Schnéifall suergt. Vitesse vun iwwer 170 km/h sinn dohanne méiglech, méi dozou fannt Dir hei. D’Kalfront dovun gräift immens wäit südlech aus – mee keng Angscht, mir kréie kee Stuerm zu Lëtzebuerg, dat selwecht gëllt fir Schnéi.

Dat heescht also, dass et an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op en Donneschde naass bei eis gëtt. All ze laang soll de Reen awer net bei eis bleiwen, de Berechnunge no soll e schonn virun 12 Auer um Donneschdemëtten erëm aus dem Land eraus sinn.

Wéi vill Reen soll dobäi erofkommen?

D’Modeller si sech driwwer eenz, dass eis d’Front wéinstens e bësse Reen op Lëtzebuerg bréngt. Den amerikanesche Modell rechent mat tëscht 2 a 4 l/m², den europäeschen ass mat 3 bis 5 l/m² dobäi. Aner héichopléisend Modeller, wéi beispillsweis de SuperHD vu Kachelmannwetter, weist 2 bis 5 l/m² fir d’Nordspëtzt vum Land. Ganz am äusserste Nordwesten wëll en eng lokal 8 l/m² net ausschléissen. Am ganze Rescht vum Land gesäit en tëscht 1 an 3 l/m² op eis duerkommen.

Dat heescht also, dass esou tëscht 2 a 5 l/m² mol zimmlech warscheinlech sollten optrieden. Dëst ass net wierklech d’Welt – mee elo wësst Dir, dass mir a Saachen Héichdrockgebitt en Donneschden e gréissert Hoer an der Zopp hunn.