Norwegen: Massive Schnéistuerm mat Vitessen vun iwwer 170 km/h erwaart

Muer den Owend trëfft e massive Schnéistuerm op Norwegen, och Deeler vu Schweden wäerte betraff sinn. Nieft kräftegem Schnéifall si Wandvitesse vun ëm 170 km/h ze erwaarden. Esouguer fir hir Verhältnisser ass dat eng uerdentlech Hausnummer.

D’Situatioun

Aus engem groussen Déifdrockkomplex eraus, deen de Moment iwwert dem héije Nordatlantik läit, forméiert sech an der Nuecht op e Mëttwoch tëscht Island an de britteschen Inselen e massivt Stuermdéif. Op sengem Wee a Richtung Nordosten verstäerkt et sech rapid a wäert muer den Owend op Norwegen treffen, spéiderhin wäert och Schweden betraff sinn. Ier et dohannen ukënnt, wäerten awer och Schottland an d’Färöer-Inselen eppes dovu matkréien, well sech hei d’Stuermfeld esou richteg wäert forméieren.

De Verlaf

Wa mir déi Saach chronologesch uginn, dann ass ze erkennen, dass den äusserste Norde vu Schottland Wandspëtzte vun tëscht 120 an 140 km/h ze erwaarden huet, eppes klenges driwwer ass och net ausgeschloss. Virun allem op de Färöer-Inselen si bis zu 150 km/h méiglech – all dat wier schonn fir muer de Mëtten.


Déi berechent Wandvitesse fir de Mëttwochowend fir Norwegen | Grafik: wxcharts.com

Wärend dem Mëttwochowend wandert d’Stuermfeld, wat sech weider verstäerkt, weider op Norwegen duer. Déi éischt Wandstéiss mat Orkanstäerkt kënnen awer schonn vum Nomëtten un am äusserste Westen optrieden, wéi beispillsweis zu Bergen a nërdlech dovun. Géint 21 Auer ass op den Héichte vum Süde vu Schottland mat Stuermstéiss vun iwwer 100 km/h ze rechnen, esou richteg markant gëtt et awer dann lues a lues am Norden. Vu kuerz viru Mëtternuecht un bis an den Donneschdevirmëtten eran rechnen héichopgeléist Modeller mat immens zolitte Wandstéiss vu méi wéi 150 km/h – dem däitschen ICON-EU no kéinte knapp nërdlech vu Namsos, zumools an direkter Küstegéigend, Vitesse vun ëm 190 km/h optrieden. De britteschen UKMO rechent esouguer mat 200 km/h.

Zousätzlech Schnéi

E Mëttwoch selwer komme virun allem iwwert dem Süde vu Norwegen punktuell méi wéi 30 cm Schnéi vum Himmel. Tëscht dem Donneschde Mëtternuecht an dem Donneschdemoie 7 Auer sollen de Modellrechnunge no dann och nordëstlech vu Namsos, an de Bierger ronderëmt Salsbruket, Foldereid a Kongsmoen, méi wéi 30 cm Schnéi falen. Ob een duerno den Ënnerscheed mierkt, sief dohigestallt: Et leie nämlech schonn méi wéi 2 Meter Schnéi, punktuell gëtt un de 4 Meter gekrazt, dat virun allem laanscht den äusserste Weste vu Norwegen.