De Schnéi-Check: Ass nach kee gréisseren Ëmschwong a Siicht?

Mir si mëttlerweil am November ukomm – e Mount an dem et, wann d’Wiederlag passt, scho ka schneien. An dësem Artikel kucke mir eis un, ob dann net fläit esou eng Wiederlag a Siicht ass.

Advertisement

D’Grousswiederlag wéi se elo ass

D’Wiederlag vun elo ass fir Schnéi op alle Fall net geeegent, dofir muss ee sech net mam Wieder auskennen. Iwwert dem nërdlechen Atlantik an dem nordwestleche bis nërdlechen Europa dominéieren Déifdrockgebitter, iwwerdeems den héije Loftdrock jeeweils a Richtung Süden ëmgeleet/verdrängt gëtt. Esou hu mir de Moment d’Situatioun, dass Héichdrock-Wiederlagen immens rar sinn. Duerch de markanten Déifdrockafloss zéien ëmmer erëm Frontesystemer mat Reen a Wand duerch, déi och mol méi zolidd kënnen ausfalen.

Virun allem fir dësen Artikel relevant sinn d’Loftmassen. Aktuell ginn se eis aus Südwesten bis Westen zougespillt – generell eng Konstellatioun, déi alles anescht wéi wanterlech ass. An de meeschte Fäll ass et bei esou enger Stréimung däitlech ze mëll fir Schnéi.

Mee wéi misst et dann sinn?

Wiederlagen, déi zu Lëtzebuerg fir Schnéi suergen, verfüügen iwwert eng kill a naass Nordweststréimung. An dësem Fall gi polar Loftmassen ugezapt, iwwerdeems d’Mier fir d’Generéiere vun de Nidderschléi zoustänneg ass. Fir esou eng Wiederlag bréichte mir e kräftegt Déifdrockgebitt iwwert dem skandinavesche Raum, iwwerdeems en Héichdrockgebitt iwwert dem westlechen Europa läit. Doduerch gëtt d’Zoufuer vun Déifdrockgebitter aus Westen blockéiert. Et etabléiert sech déi ugeschwat nordwestlech Stréimung, déi deemno wéi och eng nërdlech ka sinn.

Eng weider wanterlech Wiederlag hu mir, wa sech en Héichdrockgebitt iwwert déi nërdlech Deeler vun Europa leet iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem Süden läit. Dëst ass awer just e Musterbeispill, liicht Varatioune sinn ëmmer dran. Op alle Fall ergëtt sech doduerch eng ëstlech Stréimung, bei där an där enger oder anerer Klatsch-Zeitung vun der Sibirien-Keelt oder der “Keeltpeitsch” geschwat gëtt. Duerch esou eng Wiederlag gëtt et also an éischter Linn kal, mee dat mam Schnéi gëtt méi schwiereg. Bei der nordwestlecher Stréimung suergt den Atlantik fir déi néideg Fiichtegkeet – a Richtung Osten läit awer kee gréissert Mier. Dohier schwätzt een bei enger wanterlecher Oststréimung vun dréchener Keelt, well dat mat kontinentaler an dréchener Loft zesummenhänkt.

Fir déi zwou Konstellatioune mussen d’Loftmassen awer natierlech kal genuch sinn. Zu anere Joreszäiten ass bei de genannte Konstellatioune nämlech net u Schnéi oder Keelt ze denken.

Ass nach keng änlech Wiederlag a Siicht?

Kuckt ee sech déi momentan Wiederkaarten un, dann gesäit een haaptsächlech eng sech fortsetzend Westwiederlag – also déi, wou vu Westen hier een Déif nom aneren eragezu kënnt. An awer soll sech demnächst ëmmer erëm d’Chance op méi kill Loftmassen erginn, déi vun den Déifdrockgebitter wéi e Krop aus dem héije Norde vun Europa “erofgefëscht” gëtt a sech dann phaseweis ka bei eis weisen resp. spiere loossen. Besonnesch bestänneg sinn dës Situatiounen awer net, well d’Déifdrockgebitter séier virunzéien an dat nächst héchstwarscheinlech erëm vu méi wäit südlech op eis iwwergräift, wann dann och erëm méi mëll Loftmassen ze bedeiten huet. Domat gesot: An de nächsten Deeg a Wochen ergi sech mat Sécherheet och däitlech méi kill Nuechten mat der Optioun op Frascht – méiglecherweis kënnt dozou och nach e separaten Artikel.

Et ass awer elo net esou, dass et keng wanterlech Léisunge mat Schnéi an de momentane Modeller ginn. Virun allem den europäesche Wiedermodell ECMWF weist ëmmer erëm mol d’Optioun op e bësse Schnéi, dat ronderëmt den 11. an den 12. November. Berechent gëtt en Déifdrockgebitt, wat vun de britteschen Inselen aus a Richtung Russland zitt. Op der Récksäit vum Déifdrockgebitt géifen dësem Modell no däitlech méi kill Loftmassen op Mëtteleuropa transportéiert ginn, duerch déi de Nidderschlag plazen- a phaseweis kéint a Schnéireen a Schnéi iwwergoen. Dëst géif dëser Léisung no mat engem Héichdrockgebitt iwwer Spuenien a Portugal zesummenhänken, wat kuerzzäiteg zu enger nordwestlecher Wiederlag kéint féieren.


D’Wiederlag fir den 12. November laut europäeschem Modell | Grafik: wxcharts.com

Leider muss een de Wanterfrënn direkt de Wand aus de Seegelen huelen, well dëst engersäits just vum europäesche Modell berechent gëtt an och, well mir eis dann ëmmer nach an enger variabler Wiederlag géife befannen. Huele mir un, et sollt sech duerchsetzen, da géif et besonnesch am Norde vum Land mol déi eng oder aner Flack aus de Wolleken drécken, ier et dann awer schonn erëm duerch méi mëll Loftmasse ganz séier eriwwer wier.

Fazit

Déi meescht Modeller gesinn d’Westwiederlag mol nach bis wäit an de November era bestoe bleiwen, iwwerdeems et just e puer eenzel, net all ze konkret Léisungen op eenzel Flacke ginn.