De Wochenausbléck: Déifdrockafloss erëm an der Haaptroll

Mir geroden ënnert eng kill nordwestlech Stréimung, déi eis ëmmer erëm Schaueren op Lëtzebuerg bréngt. Abrëll-typesch ka lokal och mol eng Flack net ausgeschloss ginn.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Den Héichdrockafloss vum Weekend gëtt a südlech a südëstlech Richtunge verdrängt, dat vun engem Déifdrockkomplex. Dëse kënnt aus dem Raum Island a wäert sech an dësen Deeg iwwert dem skandinavesche Raum annisten. Zesumme mat engem Héichdrockgebitt iwwert dem Atlantik gi kill a naass Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt, déi eis richtegt Abrëllswieder wäerte bréngen.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Woch | Animatioun: wxcharts.com

A Richtung Enn der Woch besteet eng kleng Warscheinlechkeet, dass sech dat besot Héichdrockgebitt méi a Richtung Mëtteleuropa kéint ausbreeden. Dëst ass awer wierklech just als momentan Modell-Iddi opzefaassen a muss einfach ofgewaart ginn.

De Verlaf

Haut um Méinden deet sech den interessantsten Deel am spéidere Nomëtten, well eis eng markant Kalfront aus Nordwesten hier wäert passéieren. Den Duerchgang selwer ka sech e gutt Stéck méi “ruppeg” gestalten, dat mat kräftegem Reen a méiglecherweis och mol dem engen oder aneren agelagerten Donnerwieder. Am Fokus steet awer de Wand, deen beim Passage duerchaus mol Vitesse vun tëscht 70 a 90 km/h wäert erreechen. Sollt e méi kräftegt Schauer- oder Donnerwiedersegment optrieden, wieren 100 km/h och net komplett ausgeschloss. Hannert der Kalfront, wat normalerweis no 20 Auer sollt de Fall sinn, gëtt de Wand séier méi roueg. E puer lokal Schauere kënne weiderhin optrieden. Duerch déi kill Loftmassen an der Héicht ass et op den héchste Koppe net ausgeschloss, dass och mol déi eng oder aner Flack aus de Wolleke gepresst gëtt.

En Dënschden kënnt e Randdéif vun der Nordséi hier an de Norde vun Däitschland eragezunn, fir sech zimmlech séier a Polen esouwéi Tschechien ze verzéien. Wärend dësem Passage gi weider Schaueren a liicht instabil Loftmassen an eis Géigende bruecht, wouduerch ëmmer erëm ebe mat och deels méi kräftege Schaueren ze rechnen ass. Wéi virdru scho gesot, sinn eenzel Flacke net ausgeschloss. Niewebäi besteet erëm e klenge Risk vun agelagerten Donnerwieder mat kräftegem Wand an och Graupel (klenge Knëppelsteng). D’Temperature packen et op 6 bis 11 Grad.

E Mëttwoch ginn et keng gréisser Ännerungen, och en Donneschden zitt sech d’Schaueraktivitéit mol nach bis an de Nomëtten eran. Mee net vergiessen: Vun haut bis dohi sinn dotëscht och méi frëndlech a sonneg Momenter ze erwaarden. D’Maximaltemperature beweege sech un dësen Deeg weiderhi meeschtens tëscht 6 an 10 Grad, an de Nuechte gëtt et liicht fraschteg. D’Detailer dozou ginn et hei.

De Weekend sinn duerch e neit Déif weiderhin zäitweis Schaueren dran, mee se si net méi grad esou fréquent wéi virdrun.