Empfindlech Planze schützen: Min. Temperature ronderëm 0°C ze erwaarden

An der neier Woch wäert et Moienter ginn, un deenen d’Temperaturen am Beräich vum Gefréierpunkt leien. Typesch fir en Abrëll, an awer net ideal fir empfindlech Planzen.

Advertisement

Den Abrëll weist wat e kann

Et war laang ugekënnegt, dass den Abrëll eis geschwënn géif op de Buedem vun den Tatsaachen zréckbréngen. Mir wäerten et am Endeffekt esouguer mat ënnerduerchschnëttlechen Temperaturen ze di kréien, wat den Temperaturréckgang ëmsou méi markant mécht. Ofgesi vun de Statistike soll dësen Artikel nach eng Kéier e Rappell sinn u jiddereen, deen méiglecherweis schonn e puer empfindlech Planzen dobausse stoen huet – dës kënne nämlech an de nächste Nuechten a Moienter eng ofkréien.

De Verlaf

Relevant heifir sinn d’Minimaltemperaturen, an déi kucke mir eis elo un. Nennenswäert ginn dës vum fréien Dënschdemoien un, d’Modeller si gréisstendeels mat 2 bis 4 Grad ënnerwee. Punktuell kann eng 1 net ausgeschloss ginn. An der Nuecht op e Mëttwoch, resp. e Mëttwochmoie, kënne mir awer op méi Plazen am Land de Gefréierpunkt ukrazen oder och liicht no ënnen durchbriechen: Den amerikanesche Modell wëll nämlech e Minimum vu ronderëm -2 Grad net ausschléissen.


Wéi sech déi kill Loftmassen iwwert eis leeën | Animatioun: wxcharts.com

Fir de fréien Donneschdemoien ass mat 0 bis 3 Grad ze rechnen, och de Freidemoie soll aus aktueller Siicht gesi nach mat -2 bis 1 Grad fraschteg ginn. De Weekend selwer sollten d’Minimaltemperature meeschtens iwwer 0 bleiwen.