Kalfront ënnerwee: En Dënschden ëm 10°C manner waarm wéi an de leschten Deeg

Et ass eng Kalfront op Lëtzebuerg ënnerwee, duerch déi eis Temperature muer en uerdentlechen Dämpfer wäerten erliewen. Et gëtt gutt 10°C manner waarm wéi an de leschten Deeg.

Advertisement

Kalfront rauscht duerch

Iwwerdeems haut um Méinde nach Maximaltemperature vun 23 Grad kënnen erreecht ginn, gesäit d’Saach muer schonn erëm e gutt Stéck anescht aus. De Grond dofir ass eng Kalfront, déi elo an der Nuecht op en Dënschde wäert duerchzéien – dës hänkt mat engem Déif zesummen, wat sech vun de britteschen Inselen aus a Richtung Skandinavien verlagert.


Esou bréngt eis d’Kalfront déi manner waarm Loftmassen op Lëtzebuerg | Animatioun: wxcharts.com

Wiermt gëtt verdrängt

An der zweeter Hallschent vun der Nuecht op en Dënschde ginn déi waarm Loftmassen a Richtung Osteuropa verdrängt. Doduerch wäerten d’Temperature muer um Dënschden am Verglach zu haut immens varriéieren: 9 bis 13 Grad si nach ze erwaarden, wat also esou zimmlech op eng Differenz vun 10 Grad erauskënnt.

E Mëttwoch si nach eng Kéier 11 bis ëm 14 Grad dran, mee vum Donneschden u gerode mir erëm lues a lues ënner méi waarm Loftmassen. Tëscht 11 a 16 Grad ginn erreecht, fir e Freide wiere mir bei 17 bis 20 Grad. De Weekend selwer rëtsche knapp iwwer 20 Grad ëmmer méi an e realistesche Beräich.