Den Ausbléck: Hëtzt baut sech erëm op, markant Dréchent bleift en Thema

Den europäesche Kontinent erlieft eng Hëtztwell no der anerer. Muer an iwwermuer klammen d'Temperaturen och bei eis erëm op 35 Grad a lokal driwwer.

Erëm 40 Grad am Südweste vun Europa

Iwwerdeems a Spuenien an och a Südfrankräich erëm 40 Grad erreecht ginn, klammen d’Temperaturen heiheem och erëm. Verantwortlech dofir ass d’Konstellatioun aus déiwem Loftdrock iwwert dem Atlantik an deels och dem Südweste vun Europa & héijem Loftdrock iwwert dem Gros vun Europa. Eng südwestlech Stréimung stellt sech an, déi déi waarm Loftmassen aus Spuenien zu engem Deel op Lëtzebuerg an och an eis Nopeschlänner transportéiert.

Mëttwoch & Donneschden am wäermsten

E virleefegen Hëtzt-Peak soll also muer um Mëttwoch an och um Donneschden erreecht ginn. Zu de wäermste Géigenden zu Lëtzebuerg wäert erëm d’Muselgéigend zielen, mee awer och de Raum ronderëmt d’Haptstad an och Ettelbréck. Op dëse Plazen ass um Mëttwoch mat 34 Grad ze rechne, punktuell sinn och mol 35 Grad net ausgeschloss. Op de restleche Plaze sollte mir bei tëscht 30 a 33 Grad bleiwen.

Den Donneschde gëtt et nach e Stéck méi waarm. Déi wäermst genannt Géigende vum Mëttwoch sinn och op den Donneschden iwwerdrobar, ze erwaarde sinn do bis zu 36 Grad, punktuell kann och eng 37 Grad net ausgeschloss ginn. Soss weist den Thermometer gréisstendeels tëscht 31 a 34 Grad un.


Déi viraussiichtlech Maximaltemperaturen um Donneschde laut GFS-Modell | Grafik: wxcharts.com

Ze erwääne bleift och, dass sech den Donneschden am Virfeld vun enger Kalfront eng Konvergenzzon breetmaache wäert. Duerch dës Konvergenzzon kann et vum spéideren Donneschdenomëtten u net ausgeschloss ginn, dass sech mol eng eenzel Schauer oder och en Donnerwieder forméiert. Et schéngt awer erëm drop erauszelafen, dass déi mannst dovu wäerte betraff sinn. An der Nuecht op de Freide kënnt dann eng Kalfront no, duerch déi d’Chance op e puer Nidderschléi e Stéckche méi grouss wäert sinn. Egal wéi et kënnt, wäert et erëm néierens fir nennenswäerte Reen duergoen, deen der Natur och wierklech hëlleft.

Vun de Reequantitéiten hier gesäit den amerikanesche Wiedermodell tëscht 1 an 3 l/m² bis Enn der Woch inclus op Lëtzebuerg duerkommen, den europäeschen ECMWF wëll lokal och mol bis zu 4 l/m² net ausschléissen. Dëst awer wierklech just, wann et d’Konvergenzzon oder och d’Kalfront gutt mat eis mengt.

ECMWF & GFS gesi Méiglechkeet op Fortsetzung

Opgepasst: (Nach) Spekulatiounsberäich!

D’Modeller GFS an ECMWF gesi fir déi nächst Woch eng Fortsetzung vun der Hëtzt, déi eis nach emol wäit iwwerduerchschnëttlech Temperaturen aus Südwesteuropa a Richtung Mëtteleuropa transportéiere kéint. Iwwert dem Südweste vun Europa gëtt en Déif berechent, wat zesumme mam restlechen Héich iwwert dem europäesche Kontinent selwer erëm als “Wiermt-Schëpp” fungéiere kéint. Sollt sech dëst Modell-Muster confirméieren, da géif et vum 12. August un erëm richteg waarm ginn. Iwwer Spuenien an Deeler vu Portugal & Frankräich wiere 40 Grad an driwwer erëm méiglech, zu engem spéideren Zäitpunkt wieren och bei eis méi wéi 35 Grad net onméiglech.


D’Hëtzt kéint méi séier erëmkomme wéi geduecht | Grafik: wxcharts.com

Mee wéi gesot: Dëst ass nach laang net an dréchenen Dicher a gëtt genee am Aen gehal. Net nëmme wéinst den Temperaturen, mee och wéinst der Dréchent-Situatioun. Kéim et esou, da kéint och den August een vun den dréchensten vun allen Zäite ginn.