Februar-Tendenz: Éischt Hallschent ze mëll, duerno liicht ze kill bis duerchschnëttlech

Déi nei Laangzäitmodeller sinn do. Dohier kucke mir eng Kéier am Schnellduerchlaf, wéi sech de Februar dëse no soll entwéckelen.

Advertisement

En ze mëlle Start, duerno viraussiichtlech méi kill

Fir dësen Artikel baséiere mir eis op Laangzäitmodeller. Natierlech handelt et sech heibäi net ëmt eng klassesch Prognos, mee méi ëmt eng Estimatioun, baséierend op de momentaane Berechnunge vun de Laangzäitmodeller.


D’Temperaturanomalie fir déi éischt Woch | Grafik: effis.jrc.ec.europa.eu

Den europäesche Laangzäitmodell gesäit fir déi éischt Woch vum Februar iwwerduerchschnëttlech Temperaturen op eis duerkommen. Se sollen bis zu 4 Grad iwwert der Moyenne leien. Zesummen domat soll et och en Tick ze dréche ginn, dat mat engem Defizit vu -5 bis -10 l/m².


D’Temperaturanomalie fir déi zweet Woch | Grafik: effis.jrc.ec.europa.eu

Fir déi zweet Februarwoch, also déi vum 5. bis den 11., sollen d’Temperature weiderhin ze mëll ausfalen, dat ëm duerchschnëttlech +3 Grad. Och wat de Reen ugeet, wier mat engem méiglechen Iwwerschoss vu 5 bis 10 l/m² ze rechnen.


D’Temperaturanomalie fir déi drëtt Woch | Grafik: effis.jrc.ec.europa.eu

An der drëtter Februarwoch sollen d’Temperaturen erëm an den duerchschnëttleche Beräich rëtschen. Och wat de Reen ugeet, wier fir dësen Zäitpunkt keng besonnesch nennenswäert Anomalie dobäi, esou den europäesche Laangzäitmodell.


D’Temperaturanomalie fir déi véiert Woch | Grafik: effis.jrc.ec.europa.eu

Och an der véierter Februarwoch soll et vum Reen hier keng gréisser Opfällegkeete ginn, iwwerdeems d’Temperaturen d’Woch iwwer ëm duerchschnëttlech 1 Grad ze niddereg solle leien. Déi fënneft gëtt änlech.

Den amerikanesche Laangzäitmodell gesäit op de ganze Mount bezunn am Endeffekt trotzdeem eng liicht positiv Temperaturanomalie, dobäi soll et däitlech ze naass ginn. Dës Berechnunge si méiglecherweis drop zréckzeféieren, dass den amerikanesche Modell déi éischt zwou Februarwochen nach en Tick méi mëll aschätzt.