Jetstream positionéiert sech: Risk vun zolittem Stuerm am Westen klëmmt

Ëmmer méi Wiedermodeller rechnen am Laf vun der nächster Woch zolidd Stuermdéifer, déi un d’Westküst vun Europa solle peitschen. Vun do aus breet sech de Risk och a Richtung Lëtzebuerg aus. Vun elo un heescht et, d’Modeller gutt am Aen ze halen.

Advertisement

Risk klëmmt duerch Jetstream

Den Jetstream, e Staarkwandband an enger Héicht vun 8 bis 12 Kilometer, präägt sech an de nächsten Deeg markant iwwert dem ëstlechen Atlantik aus an orientéiert sech genee richteg, fir dass sech drënner markant Stierm kënne forméieren. Eng ganz Rëtsch Modeller rechne schonn domat, dass sech am Laf vun der éischter Wochenhallschent e Stuermdéif vum westlechen Atlantik a Richtung Europa beweegt a sech dobai immens séier verstäerkt.


De Loop vun de Berechnungen fir de Stuerm am Weste vu Frankräich | Animatioun: wxcharts.com

Ronderëmt de Mëttwochowend soll de Kär dovun knapp südlech vun de britteschen Inselen leien, iwwerdeems laanscht den äusserste Weste vu Frankräich, also direkt a Küstegéigend, extreem Orkanstéiss vun tëscht 120 an 160 km/h berechent ginn. Dass d’Modeller dat elo schonn esou eenheetlech gesinn, ass kee gutt Zeechen.

Och zu Lëtzebuerg Risk vu Stuerm

Nodeems mir an de leschte Wochen ëmmer erëm drop opmierksam gemaach hunn, dass d’Potenzial vu stiermeschen Entwécklungen zouhëlt, weisen d’Modeller och elo fir eis eppes méi Konkretes. Den amerikanesche Wiedermodell rechent fir den Donneschdemoie fréi Wandspëtzte vun tëscht 70 a 90 km/h, iwwerdeems den europäesche Modell eréischt méi spéit am Dag mat maximalen 80 km/h rechent. Den däitschen ICON-EU rechent och mat 70 bis 85 km/h.


D’Berechnung vum amerikanesche Modell GFS fir de nächste Weekend | Grafik: wxcharts.com

Dem amerikanesche Modell no besteet dann och fir de Weekend eng weider Optioun op Stuerm, mee dat ass nach däitlech méi onsécher.

Fazit

D’Leit am äusserste Weste vu Frankräich (virun allem zentrale Westen bis an de Nordwesten eran) kënne sech elo schonn prett maachen fir e méiglecherweis méi zolitte Stuerm – dëst gesäit schonn zimmlech sécher aus, och wa sech déi berechent Wandvitessen nach mussen apendelen. Wat Lëtzebuerg betrëfft besteet och schonn e klenge Risk, mee de geneeën Oflaf muss ee nach ofwaarden. Am Laf vun der Woch kommen ëmmer erëm Updates dozou, so stay tuned!