Rare Phänomeen an der leschter Nuecht: Sprong vu 15° op bal 24°C, lokal stiermesch

An der Nuecht gouf et wärend enger kuerzer Zäit erëm bal esou waarm wéi am Dag, also gutt 24°C – begleet vun engem lokal stramme Wand. Mee wéi ass dat méiglech?

Advertisement

En “Heat Burst” suergt fir e markanten Temperatursprong

An der vergaangener Nuecht gouf et op verschiddene Plaze vum Land en interessante Phänomeen. Géint Mëtternuecht bis hin zu bal 2 Auer ass den Thermometer vu verschiddene Statioune staark geklommen, iwwerdeems d’Loftfiichtegkeet staark erofgaangen ass. Wa mir d’Kachelmann-Statioun vu Waasserbëlleg huelen, dann hate mir um 23:50 Auer 15,5°C, eng Stonn duerno waren et awer 23,4°C – wat fir Ufank Abrëll wierklech immens bemierkenswäert ass.


Markanten Temperatursprong kuerz virun 1 Auer an der Nuecht | Grafik: Screenshot vu Kachelmannwetter

Dozou schéngt et dann verschiddene Meldunge no och nach plazeweis op klengstem Raum zu méi kräftege Wandstéiss komm ze sinn, och wann d’Donnéeë vun de Statioune sech a Grenzen halen. E gutt Beispill gëtt d’Statioun vun Tréier-Zewen of, wou den Thermometer vu 17°C op 24,4°C geklommen ass, iwwerdeems stiermesch Wandstéiss vu 67 km/h opgetruede sinn.


Wéi en Heat Burst entsteet | Grafik: National Weather Service Sioux Falls

All dat sinn Indicen op e sougenannten “Heat Burst”. Dës entstinn am Beräich vu sech ofschwächenden Donnerwieder. An dësen fale grouss Päck u kale Loftmassen aus grousser Héicht op de Buedem. Dës ginn duerch d’Loftmasse ronderëm zesummegepresst an erwierme sech. Um Buedem forméiert sech e Wandfeld mat waarmer Loft.

An dësem Fall hei war et wuel eng “Light”-Versioun dovun. Am Héichsummer kënnen dobäi am schlëmmste Fall Wandvitesse vu wäit méi wéi 100 km/h dobäi sinn.