Méinden: Modeller rechne weiderhi kräftege Schnéifall fir de Beruffsverkéier

Wéi gëschter schonn ugeschnidden, erwaart eis e Méinden eng méi spannend Wiederlag. Duerch e klengt Déifdrockgebitt besteet de Risk vu méi kräftegem Schnéifall fir de Beruffsverkéier. En Update.

D’Situatioun

Kuerzgefaasst kënnt vum fréie Méindemoien un e klengt Déifdrockgebitt vun de britteschen Inselen a Richtung Lëtzebuerg gezunn. Nodeems mir gëschter an engem Artikel gekläert hunn, dass et am schlëmmste Fall genee zur Zäit vum Beruffsverkéier kéint méi kräfteg schneien, rechnen elo och aner Modeller mat dëser Warscheinlechkeet. Wéi vill Schnéi erofkënnt ass awer weiderhin dovun ofhängeg, wéi genee sech de Kär vum Déifdrockgebitt verlagert – nëmmen e puer Kilometer kënnen d’Schnéiquantitéiten grouss beaflossen.

Ier mir eis déi méiglech Quantitéiten ukucken, hei den ongeféieren Oflaf laut aktuellem Stand: Vum Méindevirmëtten un erreechen eis déi éischt Nidderschléi vum Déifdrockgebitt a breede sech am Laf vun de Stonnen iwwert dem Land aus. Geet et dem amerikanesche Wiedermodell no, da soll et esouguer bis an d’Nuecht op den Dënschden era schneien, well mir och nach d’Récksäit vum Déifdrockgebitt ofkriiten.


De méigleche Verlaf laut europäeschem Wiedermodell | Animatioun: wxcharts.com

Ganz änlech gesäit et an Tëschenzäit och den europäesche Modell – a well de Kär dësem Modell no méi oder manner genee iwwer Lëtzebuerg soll ewechzéien, wieren och gréisser Quantitéite net onméiglech. Dem däitsche Modell no zitt d’Déif e gutt Stéck nërdlech un eis laanscht, an awer wier mat méi kräftegem Schnéifall ze rechnen, besonnesch op de Koppen.

De Schnéifall kéint also dem momentane Stand no bis an de Beruffsverkéier um Owend mat unhalen, wat esou semi-optimal wier.

Déi berechent Schnéihéichten

Hei fannt Dir déi berechent Schnéihéichten, déi bis den Dënschdemoien 06:00 Auer kéinten zesummekommen. Den Duerchschnëtt gëtt den aktuell warscheinlechsten Zenario erëm.

Norden:

  • GFS: 4 – 9 cm
  • ECMWF: 5 – 10 cm
  • ICON-EU: 0 – 4 cm
  • ARPEGE: 4 – 8 cm

Duerchschnëtt: 3,25 – 7,75 cm

Süden

  • GFS: 1 – 5 cm
  • ECMWF: 2 – 5 cm
  • ICON-EU: 0 – 0,2 cm
  • ARPEGE: 1 – 3 cm

Duerchschnëtt: 1 – 3,3 cm