Natierlech, oder stécht méi dohannert? Firwat de Saharastëbs magnéitesch ass

De Weekend iwwer war de Saharastëbs net ze iwwersinn. Laut e puer Videoen an de soziale Medien soll dësen awer verseucht sinn – iergendeen wéilt eis heemlech vergëften. De Stëbs ass zwar magnéitesch, mee dat huet natierlech Grënn.

Advertisement

De Saharastëbs ass magnéitesch! Ass dat duerch Gëftstoffer?

Ëmmer wa mir et mat gréissere Quantitéiten u Saharastëbs ze dinn hunn, komme séier Meldungen op, et géif sech dobäi ëmt eppes ganz aneres handelen. Déi eng soen, de Sand wier kënschtlech produzéiert fir eisen Himmel express ofzedonkelen. Déi aner soen, de Sand wier do fir ze vertuschen, dass do uewen um Himmel geheim Experimenter duerchgefouert ginn – erëm fir eis “normalem Foussvollék” ze schiedegen. Dass de Saharastëbs och nach magnéitesch ass, soll den ultimative Beweis dofir sinn, dass tatsächlech op onnatierlech Weis nogehollef gëtt. Mee wat stécht wierklech dohannert?

Stëbs wandert dausende vu Kilometer op Lëtzebuerg

De Saharastëbs leet e wäite Wee zréck – e kënnt nämlech, wéi d’Wuert et seet, aus der Sahara, also aus Afrika. Dëse gëtt dohannen opgewirbelt a geréit duerch staark Loftstréimungen dann esouguer deelweis bis an déi nërdlechst Géigende vun Europa. Op sengem Wee gëtt en iwwer all méiglechen Terrain ewechgeblosen, woubäi vill zousätzlech Mineralien mat abezunn ginn. Wéi eng Mineralien dat sinn, an och wéi eng aner Partikelen nach mat an d’Spill kommen, hänkt och vun der geneeër Hierkonft an der Sahara of.

Wat de Sand/Stëbs magnéitesch mécht, si Mineralien wéi Magnetit oder Hämatit (also Eisenoxider). Och Kallek esouwéi Magnesium, Aluminium a Kalium si mat enthalen. Dës maache sech da net nëmmen duerch e Magnéit bemierkbar, mee och d’Faarf vum Sand verännert sech.

Et handelt sech also ëm keng Neiegkeet, wann een héiert, dass de Saharasand magnéitesch ass. Natierlech houschten ufälleg Persoune mol duerch de Stëbs – mee déi enorm Gesondheetsrisiken, vun deenen an dëse Videoe geschwat gëtt, entsprieche net der Realitéit. Et stécht och keng Verschwierung dohannert, mee et ass e normale natierleche Prozess, dee schonn zanter der Existenz vun der Wüst esou optrëtt.