Radio 100,7: Déifdrockwieder, mee wéi laang nach?

Déi éischt Novemberdeeg waren däitlech méi hierschtlech wéi de Schluss vum Oktober. Trotz dem Ëmschwong gesinn d’Modeller schonn erëm e potenzielle Changement.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 04.11.2022:

An den éischten Deeg vum November hält sech d’Wieder nawell zimmlech un d’Joreszäit – mir kommen dem Wanter jo Stéck fir Stéck méi no. D’Freed iwwert dëse rezente Changement kéint awer nëmme vu kuerzer Dauer sinn, well sech geschwënn schonn erëm eppes ännere kann. De Philippe Ernzer zielt eis elo méi dozou, gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Mir hunn en däitlech ze waarmen Oktober hannert eis, dat huet een och gemierkt wann ee net wierklech op d’Donnéeë gekuckt huet. Ier mir weider an d’Zukunft kucken, wéi war de leschte Mount an Zuelen ze beschreiwen?

Wann een et ganz kuerz hält: den Oktober 2022 war ze waarm, ze naass an ze sonneg. An Zuelen ausgedréckt war de Mount vill ze waarm, d’Moyenne ass ëm 2,9 Grad iwwertraff ginn. Den Duerchschnëtt louch dës Kéier nämlech bei 12,8 Grad, d’Norm läit awer bei 9,9 Grad. Dës Donnéeën an och déi, déi ech elo nach nennen, staamen all vun der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel.

An eise Nopeschlänner sinn och sëlleg Rekorder gebrach ginn wat d’Temperaturen an der leschter Oktoberdekad uginn. Zu Lëtzebuerg waren déi lescht Deeg vum Mount op den Duerchschnëtt bezunn 5,9 Grad ze waarm – dat ass tatsächlech eng uerdentlech Hausnummer. Alles an allem war den Oktober 2022, zesumme mat dem vun 2006, de wäermsten zanter Opzeechnungsufank am Joer 1947.

Du soos och, et wier ze naass an ze sonneg gewiescht. Wéi ass dat anzeuerdnen?

Wat de Reen betrëfft, war et och däitlech ze naass. An der Moyenne reent et an engem Oktober 76,6 l/m², dës Kéier waren et 111,2 l/m² – eng Anomalie vu +34,6 l/m² also. De meeschte Reen ass den éischten Oktober erofkomm, dat mat 32 l/m² an Zäit vu 24 Stonnen. Am ganze gouf et 14 Deeg, un deenen et op mannst 0,1 l/m² gereent huet.

D’Sonn huet och iwwerduerchschnëttlech laang geschéngt – an dësem Oktober goufen 131,2 Stonne gezielt, den Duerchschnëtt vu 1991-2020 bedréit awer 106,7 Stonnen. Dëst entsprécht also enger Anomalie vu 24,5 Stonnen.

An Tëschenzäit sinn d’Temperature jo zréckgaangen – erwaart eis dann also lo e méi hierschtleche Weekend?

De Weekend iwwer leie mir ënnert enger westlecher bis südwestlecher Stréimung. Déck Wolleken a sonneg Momenter wiessle sech of, heiansdo sinn awer och Schaueren ze erwaarden. Den Dag vun haut ass beispillsweis esou een, un deem et wuel nach zu Schauere komme kann. A Richtung spéidere Nomëtten an Owend gëtt et no a no méi dréchen, d’Temperature packen et op 8 bis 12 Grad. De Samsde si vill Wolleken ënnerwee, mat Chance ass och mol e sonnege Moment dotëscht méiglech. 8 bis 11 Grad sinn ze erwaarden. De Sonnde klëmmt den Thermometer op 8 bis 13 Grad – et geet bësse manner wollekeg un, iwwer Mëtten ass et viraussiichtlech e bësse méi wollekeg mat enger gewësser Reewarscheinlechkeet, déi um Owend awer erëm zréckgeet.

An dat méi hierschtlecht Wieder wat mir elo hunn kéint dann och geschwënn erëm wéi fortgeblose sinn?

An de leschte Kéieren hate mir jo kuerz vun enger sougenannter “Atlantik-Dier” geschwat – dat ass elo kee wëssenschaftleche Begrëff, ech hat mir deen einfach afale gelooss. Dës Dier ass virun e puer Deeg duerch eng Kalfront opgedréckt ginn, mat där den deemools nach héije Loftdrock méi wäit an den Osten ewechgedréckt gouf. D’Dier ass och elo nach ëmmer op, allerdéngs kéint sech schonn gläich erëm eng Blockad opdinn.


A Richtung nächste Weekend gëtt mat engem groussen Héich iwwer Mëtteleuropa gerechent | Grafik: wxcharts.com

D’Saach ass nämlech déi, dass den amerikaneschen esouwéi och europäesche Modell erëm ufänken, e grousst Héichdrockgebitt ze berechnen, wat sech a gutt enger Woch iwwert eis breetmaache kéint. Dat géif net nëmme méi rouegt Wieder bedeiten, mee och erëm méi waarm Loftmassen. Chancen op e wanterlechen Touch wieren esou, op mannst fir eng Zäitchen, erëm zimmlech geréng. Ob dës Situatioun sech bei eis duerchsetze wäert oder net, muss nach gekuckt ginn. D’Warscheinlechkeet ass awer net null – a sollt et antreffen, da kéint och de November en duerchschnëttlech ze waarme Mount ginn.

Duerchschnëttlech ze waarm heescht jo awer net, dass et guer net méi an déi aner Richtung goe kann, oder?

Richteg. De Mount selwer kann zwar am Duerchschnëtt ze waarm ausfalen – mee dotëscht kënnen trotzdem méi kal Phasen optrieden. Mir hunn jo lo tendenziell bis Mëtt November gekuckt, wat heescht, dass déi zweet Novemberhallschent jo nach komplett op ass. Hanneraus ka sech also nach villes doen, vun deem mir haut nach keng Anung hunn.


Bis Mëtt November kéint et also deemno wéi nach eng Kéier ze waarm fir d’Joreszäit ginn. De Méinde wësse mir eventuell méi driwwer – Merci Philippe Ernzer a bis dann.