Radio 100,7: D’Hëtzt kënnt, mee wéi laang hält se un?

Nodeems eis Temperaturen an de leschte Woche net esou richteg wosste wouhin, hu se sech fir dës Woch fir eng genee Richtung entscheed.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 14.06.2022:

Wéi an de leschte Wochen ëmmer erëm op dëser Plaz gesot, ass de Summer nach net gelaf – esou fäert et den een oder anere jo schonn. Kalendaresch ass e mol nach net ugaangen, obwuel eis déi éischt richteg waarm Wiederlag elo schonn mat engem Fouss am Haus steet. De Philippe Ernzer wees méi dozou, gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

D’lescht Woch hate mir et jo nëmmen esou um Rand erwäänt, elo schéngt et Realitéit ze ginn.

Sou kann et goen. Vun engem zimmlech variablen Temperaturverlaf an de leschte Woche wiessele mir elo riwwer op summerlecht bis esouguer héichsummerlecht Wieder. Am Südweste vum Kontinent, iwwer Deeler vu Portugal a Spuenien, sinn déi éischt 40 Grad schonn mol opgetrueden. En Deel vun dëser Hëtzt beweegt sech a Richtung Enn der Woch op Lëtzebuerg.

Firwat ass dat iwwerhaapt esou?

Vun haut un etabléiert sech héije Loftdrock iwwer Mëtteleuropa. Dëst féiert haaptsächlech dozou, dass mir et mat däitlech manner Wolleken a vill méi Sonn ze dinn hunn. Wat de Reen betrëfft bedeit dat also och, dass et elo weiderhin zu kenge wierklech relevanten Zomme kënnt. D’Héichdrockgebitt soll sech bis de Weekend mat bei eis halen.
Iwwerdeems dëst Héich iwwert eis läit, zitt vu Portugal aus en Déifdrockgebitt a Richtung Norden resp. Nordosten. Bis Enn der Woch kënnt dëst Déif mam Zentrum virun der Küst vu Frankräich un. Elo hu mir déi typesch Kombinatioun aus héijem Loftdrock iwwer Mëtteleuropa an déiwem Loftdrock iwwert dem Atlantik. Well en Déifdrockgebitt géint d’Auer dréint an en Héichdrockgebitt mat der Auer, ginn déi richteg waarm Loftmassen aus Spuenen a Nordafrika direkt ugezaapt an an de Norden transportéiert.
De Grond, firwat et muer op ëm 30 Grad eropgeet an eis de Weekend den zweete méi markante Stouss soll erwaarden.

Wéi waarm soll et dann ginn, kann een dat schonn soen?

Eng zimmlech verlässlech Temperatur-Aschätzung kann ee schonn sou bis den Donneschde/Freide ginn – duerno gëtt et awer erëm e bësse méi kniffleg, well et nach Differenzen tëscht de Modeller ginn. Op alle Fall si mir haut mat Maximalwäerter vun tëscht 22 a 26 Grad ënnerwee, laanscht d’Musel sinn och 27 Grad net ausgeschloss. Muer um Mëttwoch erwaart eis den éischte klenge Peak mat 26 bis 32 Grad, ier et um Donneschden erëm kuerz minimal manner waarm gëtt – 24 bis 30 Grad stinn un. Vun do un gëtt et dann just nach méi waarm.

Fir e Freide kann ee sech de momentane Berechnunge no tëscht 27 an 33 Grad erwaarden. De Samsde soll dann de wäermsten Dag vun der Woch ginn: tëscht 30 a 35 Grad wieren aus aktueller Siicht gesinn net ausgeschloss. Et gi Modeller, déi nach méi héich Wäerter rechnen an et ginn der och, déi manner rechnen. Fest steet awer: et gëtt bis Enn der Woch däitlech méi waarm wéi dat, wat mir elo hunn.

Um Sonnde kéinten eis dann bei 20 bis 27 Grad déi éischt Dimmeren ustoen, mee do sinn d’Onsécherheete nach immens grouss. Et bréngt also nach net vill, fir doriwwer ze schwätzen.

De Reen hate mir jo schonn ugeschwat, mat deem gesäit et elo och net sou gutt aus?

Duerch d’Héichdrockwieder gëtt vun de Modeller mat quasi kenge Nidderschléi bis de Samsden inclus gerechent. D’Kaarte weisen eng Ronn null. A firwat soen ech bis de Samsden? Ma wéi gesot, um Sonnde kéint et sinn dass awer duerch Schaueren an Donnerwieder eppes erofkomme kann. Et handelt sech awer em Entwécklungen, déi een elo nach net aschätze kann.

Gëlt dat och fir déi allgemeng Entwécklung?

Eigentlech jo schonn, mee sou wëll ech net sinn. Wann een onbedingt op déi nächst Woch kucke wëll, da gesäit et de Moment esou aus, wéi wa mir erëm e gudde Krack géifen zréckgoen. Mat 22 bis 26 Grad wier et dem ECMWF no nach agréabel, de GFS gesäit eng Fortsetzung vun der Hëtzt. D’Zukunft ass also ongewëss. Et däerf ee gespaant sinn.

Ma da kënne mir eis op eng waarm bis esouguer hëtzeg Woch astellen an hoffen, dass sech d’Wiederen dann duerno iergendwann a Grenzen halen. E grousse Merci Philippe Ernzer a bis nächst Woch.