Radio 100,7: Méi kal, mee nach kee Schnéi

Et gëtt wuel wierklech e gudde Krack méi kill – fir méi geet et awer nach net duer.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 14.11.2022:

Déi lescht Woch hate mir iwwert déi éischt potenziell wanterlech Berechnunge geschwat. Natierlech si mir elo gespaant, wat aus deene ginn ass a wéi et zu Lëtzebuerg virugeet. Méi doriwwer erzielt eis elo de Philippe Ernzer, gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Ier mir eis all dat awer ukucken, ginn et nach News aus dem Ausland guer net mol esouwäit ewech vun eis.

Well et sech ëmt e neie Rekord handelt, musse mir definitiv driwwer schwätzen. Déi eng oder aner hunn jo eventuell vun den Tornadoe matkritt, déi elo de leschte Mount, den 23. Oktober, iwwer Deeler vum Norde vu Frankräich ewechgezu sinn. No villen Tëschestänn mat neien Erkenntnisser huet den Observatoire fir Donnerwieder an Tornadoen aus Frankräich, och nach KERAUNOS genannt, gëschter den definitive Bilan verëffentlecht.


De ganze Parcours vum Tornado (och nach Bihucourt-Tornado genanannt) | Grafik: KERAUNOS.org

Uersprénglech ass geduecht ginn, et hätt sech deen Dag ëm 9 Tornadoe gehandelt. Elo ass awer gewosst, dass een eenzegen Tornado fir de Gros vun dëse Meldunge verantwortlech war. Den Tornado, deen zu Bihucourt (Département Pas de Calais) immens grousse Schued ugeriicht huet, ass als EF-3, respektiv F3 T6 Tornado klassifizéiert ginn. Dat ensprécht maximale Wandvitesse vun tëscht 261 an 299 km/h. Am Ufank ass een dovun ausgaangen, dass den Tornado eng Streck vu 85 Kilometer zréckgeluecht hätt, wat och schonn e neie Rekord war. Aus dem finale Bilan geet awer erfir, dass de Stuerm ganz 206 Kilometer wäit gewandert ass – dat ass enorm a fir europäesch Verhältnisser net wierklech a Wierder ze faassen. En ass also duerch 102 Gemengen a Frankräich gezunn an esouguer 2 an der Belsch – jo den Tornado ass esouguer an d’Belsch eriwwergezunn an huet sech bei Hainaut, net wäit ewech vu Mons, opgeléist. Vun Trajectoire hier ass et de markantsten Tornado, deen bis ewell a Frankräich opgetrueden ass.

Dat war viru mol nach net engem Mount an elo schwätze mir mëttlerweil esouguer schonn vu méigleche wanterlechen Zenarien, esou séier kann et goen. Ziel eis, wat ass aus den interessante Berechnunge vun der leschter Kéier ginn?

D’Berechnunge sinn tatsächlech nach no, mee natierlech hu se sech och e bësse geännert, wéi et jo souwisou ze erwaarde war. Fir déi, déi et de leschte Freide net matkritt haten: mir haten op déi éischt potenziell wanterlech Berechnunge gekuckt, déi esouguer fir verschidden Deeler an eise Nopeschlänner den éischte Schnéi gesinn hunn – guer net mol esou wäit ewech vun eis. Elo maache mir d’Fortsetzung dovun.

De Moment ass et ëmmer nach esou, dass den amerikaneschen esouwéi och europäesche Modell mat enger Ofkillung bis Enn November rechnen. Dës Ofkillung kéint awer am Endeffekt kee gréisseren Afloss op déi allgemeng méintlech Moyenne hunn, wat dozou féiere kéint, dass de Mount awer en Tick ze waarm ausfält. Mee wat ass dann elo anescht?

De leschte Freiden huet et nach esou ausgesinn, wéi wann eis elo an der zweeter Hallschent vum Mount eng tendenziell kill ëstlech Stréimung géif ustoen. Déi zwee Modeller rechnen mëttlerweil awer méi mat enger haaptsächlech westlecher Stréimung, déi awer trotzdeem zimmlech kill wier – mee awer net kal genuch, fir dass aus dem Reen Schnéi gëtt, och net op de Koppen.

Mat dem ganze Nidderschlag, deen bis Enn November gerechent gëtt, kann et also richteg ongemittlech ginn: dat duerch déi méi niddereg Temperaturen, d’Nässt an och de Wand. E Stuerm ass zwar elo net esou direkt fir eis Géigenden ze erwaarden, an awer dréit de Wand dozou bäi, dass sech dat ganzt nach e mol e ganzen Tick méi ongemittlech ufillt.

Wat de ganze Rescht betrëfft, musse mir eis also nach e bësse gedëllegen.

Wa mir eis elo just op dës Woch befaassen, wéi sollte mir eis dann do upassen?

De vergaangene Weekend hu mir jo gutt gesinn, wat héije Loftdrock mam Wieder am Hierscht mécht: et war méi oft méi décke Niwwel ze gesinn, deen sech net esou séier opgeléist huet. Wann dat awer gemaach war, huet d’Sonn geschéngt. Duerch den zouhuelenden Déifdrockafloss hëlt dëst awer an de nächsten Deeg of, et gëtt einfach insgesamt méi Wollekeg an d’Schauerwarscheinlechkeet klëmmt och.

Haut gëtt et am Laf vum Dag ëmmer méi wollekeg, haaptsächlech a Richtung Owend klëmmt d’Schauerwarscheinlechkeet – déi eng oder aner méi kräfteg Schauer ass dobäi net ausgeschloss, och de Wand kann opfrëschen. D’Temperature klammen op e Maximum vun 7 an 12 Grad. Muer um Dënschden ass et an de fréie Moiesstonne mol nach bësse naass, vum Virmëtte bis an de fréie Mëtten era gëtt et awer eng kuerz méi dréche Phas. Duerno kënnt aus Westen eng Front op, déi erëm Reen an d’Land bréngt. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 9 an 13 Grad. De Mëttwoch geet et erëm lokal bësse naass un, ier sech de Reen awer erëm bis an den Owend eran zréckhale sollt. 9 bis 12 Grad stinn un, an der Nuecht op den Donneschde soll et erëm reenen.

Vum Donneschde bis de Sonnde soll et no a no manner naass ginn, mee awer méi kill – eben duerch d’Entwécklungen, déi mir virdrun beschwat hunn. Stand elo sinn besonnesch de Weekend mol fraschteg Moienter net ausgeschloss.


D’Wieder passt sech also ëmmer méi un, sou wéi et och soll sinn. Merci fir d’Aussiichten a bis de Freiden.