Laangzäitmodeller: Bléck op de Wanter 2021/2022

Déi lescht Méint vum Joer 2021 sinn ugebrach… kee Wonner also, dass sech d’Fro wéi dann de Wanter gëtt, ëmmer méi oft gestallt gëtt. Ech probéieren Iech eng kleng Äntfert ze ginn – dat awer mam Gewëssen, dass et sech natierlech em Spekulatioun handelt.

Virwuert

Wanterprognose ginn ëm dës Joreszäit gär gemaach, deelweis liest een se schonn plazeweis an de Summerméint. Wat Dir awer wësse musst: se baséieren all op Spekulatioun. D’Wouerécht ass: et kann Iech kee genee soen, wéi de Wanter wäert ginn. Wat een awer maache kann ass, d’Laangzäitmodeller ze analyséieren an domat ze probéieren en eventuellen Trend auszemaachen. Dëst maache mir elo an dësem Artikel.

Mir baséieren eis op de Laangzäitmodell CFS (Climate Forecast System) vun der NOAA.

November 2021

Kaarten: NOAA

De November zielt zwar meteorologesch gesinn nach net zum meteorologesche Wanter, an awer interesséiert et bestëmmt verschiddener vun Iech. D’Duerchschnëttstemperatur an engem November läit zu Lëtzebuerg bei 5,2 Grad (baséierend op der Referenzperiod vu 1991-2020), iwwerdeems et 71,7 l/m² reent. Wat d’Laangzäitberechnunge vum CFS uginn, solle mir temperaturméisseg an engem normale Beräich leien. Wat de Reen ugeet, gi normal Wäerter bis liicht méi naass Wäerter simuléiert – dat mat duerchschnëttlechen 0,2 l/m² den Dag méi wéi soss. Alles an allem géif dëst awer trotzdeem en Duerchschnëttsnovember bedeiten.

Dezember 2021

Kaarten: NOAA

Mir sinn am Dezember ukomm, also dem éischten offizielle meteorologesche Wantermount, an deem d’Duerchschnëttstemperatur bei 2,3 Grad läit an et an der Moyenne 89,5 l/m² reent. Wat soen d’Modeller? Genee wéi fir de November ass fir den Dezember keng gréisser Temperaturopfällegkeet ze erwaarden. Et soll just minimal méi reene wéi soss, dat erëm mat ongeféier duerchschnëttlechen 0,2 l/m² den Dag méi.

Januar 2022

Kaarten: NOAA

Fir de Januar sinn dann am Géigesaz zu de bis ewell genannte Méint däitlech Opfällegkeeten an de Kaarten dran. Wéi den CFS et gesäit, kéint de Januar ëm tëscht 1 an 2 Grad ze waarm ausfalen – d’Duerchschnëttstemperatur läit bei 1,4 Grad. Parallel dozou soll et ëm 0,6 bis hin zu 0,8 l/m² duerchschnëttlech den Dag méi reene wéi et fir d’Joreszäit normal wier. Sollt sech dëst esou duerchsetzen, da géifen d’Chancen op Schnéi definitiv zréckgoen, woubäi se awer net komplett eliminéiert géife ginn.

Februar 2022

Kaarten: NOAA

Fir de Februar 2022 gesäit de Laangzäitmodell och e puer nennenswäert Anomalien. Sou soll et ëm 0,5 bis 1 Grad méi waarm ginn wéi normalerweis (den Duerchschnëtt läit bei 2,2 Grad). Wat de Reen ugeet hate mir bis ewell ëmmer entweder neutral Wäerter oder liicht méi héijer. De Februar ass an de Kaarte mat ënnerduerchschnëttleche Wäerter ënnerwee – sou soll et dem aktuelle Stand no bis zu -0,6 l/m² duerchschnëttlech den Dag manner reene wéi normal. Normalerweis reent et an engem Februar 59,5 l/m².

Fazit

Wa sech d’Kaarte net méi grouss veränneren, da géife mir op en am Ufank op e normal waarme/kaalen a minimal méi naassse Wanter kucken. Vum Januar un wier dann awer eng däitlech erhéicht Temperatur ze erwaarden, gekoppelt mat ze naassem Wieder. De Februar wier weiderhin bëssen ze mëll, iwwerdeems dësen awer net ze naass mee ze dréchen ausfale géif.

Déi zwee Parameter beieneegezielt, géife sech logescherweis am Dezember déi bescht Chancen op Schnéi opdinn. Wat een awer net vergiessen däerf: et handelt sech heibäi pro Mount ëmmer em Duerchschnëttswäerter. Dat heescht, dass et och am Januar an am Februar trotzdeem zu méi kille Phase komme kann wou Schnéifall méiglech ass – just eben an där Opdeelung, dass et am Endeffekt awer minimal ze waarm war. Kloertext: et wees keen wéi vill Schnéi dëse Wanter fält a wéi gutt eis Chance stinn. Ech hoffen awer trotzdeem dass ech Iech bësse weise konnt, a wéi eng Richtung de Laangzäitmodell CFS agestallt ass. Mat de leschte Jore verglach erënnert et staark un déi vergaange Wanteren.