WMO: Äerderwiermung kéint bis 2026 Schwell vun 1,5 Grad erreechen

Wéi d’Weltorganisatioun fir Meteorologie um Méinde matgedeelt huet, kéinte mir bis 2026 bei der als kritesch definéierter Anomalie vun 1,5 Grad ukommen. Och déi weider Aussiichte si leider net déi bescht.

Mat 50% eger Warscheinlechkeet

Am Joer 2026 kéinte mir bei enger globaler Erwiermung vun 1,5 Grad ukomm sinn (am Verglach zu der Moyenne aus der pre-industrieller Zäit) – dëst ass de Laangzäitwäert, deen d’Wëssenschaftler festgeluecht hunn, vun deem un et ufänkt, kritesch ze ginn. D’Warscheinlechkeet dofir stéing bei 50%, sou huet et um Méinde geheescht.

Dëst géif awer net bedeiten, dass mir dann fir ëmmer iwwert dësem kritesche Wäert leie géifen, mee op mannst mol temporär. Alleng awer ee Joer mat dësem Schwellewäert kéint eis awer e Virgeschmaach dorop ginn, wat an de Joren drop op eis duerkomme kann.

D’Warscheinlechkeet, den 1,5 Grad-Beräich op mannst kuerzzäiteg ze knacken, ass zanter 2015 däitlech an d’Luucht gaangen. 2020 gouf et op 20% geschat, d’lescht Joer ass et op 40% korrigéiert ginn. Nëmmen 1 Joer mat dësem Wäert kann duergoen, fir vill Koralleriff op der Welt ze zerstéieren an d’Schmëlze vun den Äisfläche weider unzefachen an ze beschleunegen.

Klimawandel suergt schonn fir Opfällëgkeeten

“Verloschter a Schued duerch oder ënnerstëtzt duerch de Klimawandel a seng Konsequenzen si schonn amgaangen ze geschéien. Verschiddener dovu si méiglecherweis elo schonn irreversibel a noer Zukunft”, sou den Maxx Dilley, stellvertriedenden Direkter vun der WMO.

Héchstens op 1,5 Grad a näischt driwwer, ass dat realistesch?

Dem paräisser Klimaofkommes aus dem Joer 2015 no sollt vermidde ginn, dass déi global Duerchschnëttstemperatur op 1,5 Grad iwwer d’Moyenne aus der pre-industrieller Zäit klëmmt. Wéi sech awer och bis haut an d’Joer 2022 era weist, gëtt dat Zil awer immens schwéier anzehalen. Mir sinn an Tëschenzäit bei enger duerchschnëttlecher Anomalie vun 1,1 Grad ukomm. Wa sech näischt un der Politik an och un der Verhalensweis vun eis Mënschen ännert, da kéinte mir um Enn vum Joerhonnert bei enger Anomalie vun 3,2 Grad ukommen. Dëst ass méi wéi alarméierend an hätt global gesinn katastrophal Auswierkungen.