Radio 100,7: Donnerwieder – Geféierlech schéin

Virun allem elo an de Summerméint ginn d’Donnerwiederen erëm en Thema. Jee no Ëmstänn kënne sech dës richteg beandrockend, mee oft awer och vun hirer geféierlecher Säit weisen.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen


Dir wëllt matliesen? Hei den Text:

D’Donnerwiedersaison zu Lëtzebuerg dauert am grousse Ganze gekuckt vu Mëtt Mee bis an de spéideren August eran, den Héchstpunkt gëtt am Juli areecht. Donnerwiederen zielen zu de méi komplexe Phänomener, déi engem Meteorolog beim maache vun enger Prognos oft Kappzerbrieches bereet.

Donnerwiedere kënnen entstoe, wann d’Temperatur mat der Héicht staark ofhëlt. D’Loft kondenséiert a gëtt instabil. Et entsteet no a no en Opwand, deen déi fiichtwaarm Loftmasse vum Buedem no uewen zitt. Dofir muss awer natierlech och genuch Fiichtegkeet a Buedemhéicht zur Verfügung stoen.

Trotz dëse Viraussetzunge muss net onbedéngt en Donnerwieder entstoen. Réischt wann e Mechanismus do ass, deen dofir suergt, dass déi fiichtwaarm Loftmasse vum Buedem iwwerhaapt éischt gehuewe kënne ginn, kann et mat der Entwécklung vun engem Donnerwieder lassgoen. Dës Hiewung ka beispillsweis duerch de Wandprofil um Buedem ausgeléist ginn (wéi beispillsweis duerch eng Konvergenz) oder och Bierger an Hiwwelen, un deenen d’Loftmasse gehuewe ginn a gezwonge sinn, an den Himmel ze steigen.

Et entwéckelt sech eng Donnerwiederwollek, déi ufanks nëmmen eng Cumuluswollek ass. Wann déi virdru genannte Konditioune stëmme, wiisst dës Wollek ëmmer weider bis se an der Tropopaus ukënnt. Ab ongeféier 12 Kilometer Héicht gëtt d’Loft net méi méi kal, fiichtwaarem Loftmassen déi vun ënnen eropgezu ginn, kommen also net méi virun. D’Wollek deent sech doduerch um ieweschte Rand horizontal aus, eng Cumulonimbuswollek entsteet. Dës maache sech virun allem duerch hir Ambossform bemierkbar. Duerch déi staark Turbulenzen a sou enger Wollek maache Pilote souguer e grousse Bou ronderëm. Bei engem besonnesch staarke vertikalen Opwand kënne Cumulonimbuswolleken och mol ëm 14 km héich ginn, wat awer an eise Breete net all ze oft virkënnt.

An den ieweschte Schichte vun der Wollek sinn Äiskristaller, déi duerch d’Usammlung vu Waasserdamp ëmmer méi grouss ginn. Iergendwann gi se ze schwéier a fänken un, eroofzefaalen. Um Wee no ënne kënne sech ënnerkillt Waasserdrëpsen un den Äiskristaller festsetzen. Dës ënnerkillt Drëpse kënnen oft Temperature vu gutt ënner Null hunn, an trotzdeem am flëssegen Zoustand sinn. Wéi kal d’Drëpse kënne ginn, ouni ze fréieren, hänkt dovunner of, wéi vill Aerosolpartiklen an der Wollek ronderemschwiewen. Elleng duerch dës ass et iwwerhaapt méiglech, dass sech Waasserdrëpsen zu Äiskristaller verwandele kënnen.

Falen d’Äiskristaller weider a geroden an déi méi waarm Loftschichten, da fänken se un mat schmëlzen. D’Drëpsen, déi doduerch entstinn, räissen aner Waasserdrëpsen am Ëmfeld mat an d’Déift. Beim Eroffale verdonst och een Deel erëm, duerch déi awer vun uewe matgerass méi kill Loftmassen gëtt och e klengt Ëmfeld an deene méi waarme Loftschichte méi kill. Et gëtt also e gréissere Gehalt vun der méi waarmer Loftschicht méi kill an domadder méi schwéier a fänkt och un, eroofzefalen. Geschitt dëst ëmmer erëm oder am grousse Stil, da kënnt et zu den typesche Stuermstéiss ënnert enger Donnerwiederwollek. D’Loftmassen, déi vun uewen eroffalen, areechen also de Buedem.

Dëse Prozess muss net onbedéngt groussflächeg optriede, wéi beispillsweis entlaang vun enger Linn, mee kann och zimlech klengräimeg sinn. Dëst Phänomen gëtt dann Downburst genannt, wou et zu Wandvitesse vun oft iwwer 100 km/h komme kann. Huet dat ganzt e Wierkungsberäich vu just e puer 100 Meter bis hin zu wéinege Kilometer, da kann een och vun engem Microburst schwätzen.

Wéi kënnen dann iwwerhaapt Knëppelsteng entstoen? Wann Äiskristaller duerch den Opwand vun der Donnerwiederwollek an den ieweschte Loftschichte gehale ginn, schmëlze se net. Ëmmer méi ënnerkillt Drëpse lagere sech un den Äiskristaller un, déi an der Wollek hin an hier geblose ginn. Sinn d’Äiskristaller op eemol ze schwéier vir den Opwand, falen dës als Knëppelsteng op de Buedem. Et ass also vun der Stäerkt vum Opwand ofhängeg, wéi grouss d’Knëppelsteng an engem Donnerwieder ginn. An eise Géigende si se meechtens kleng an hun eng Gréisst vun ënner engem Zentimeter. Am Fall vun enger méi staarker Donnerwiederzell kënnen awer och gréisser Knëppelsteng vun e puer Zentimeter am Duerchmiesser optrieden.

Sou lues a lues komme mir also an dee Beräich, wou et mat de Geforen ugeet. Grad hu mir d’Entstéiung vu Knëppelsteng gesinn an och, wéi dës zu méi groussen Exemplaren ginn. Zesumme mat potenziellen Downbursts a Stuermstéiss ënnerhalb vun engem Donnerwieder ka grousse Schued ugeriicht ginn.

Virun allem bei enger Zort Donnerwieder kënnen dës méi zolitt Phänomener méi oft virkommen: der Superzell. Superzellen zielen zu de kräftegsten Donnerwiederen op der Welt an zeechne sech duerch hiren Opwand aus, dee stänneg a Rotatioun ass. Dëse rotéiert net nëmmen, mee ass oft richteg staark, soudass déi virdru genannt Phänomener mat enger grousser Wahrscheinlechkeet optriede kënnen. Aner Geforen, déi eng Superzell mat sech brénge kann, sinn Tornadoen. Et muss awer gesot ginn, dass nach laang net all Superzell en Tornado produzéiert. Tornadoen, déi un enger Superzell entstinn, sinn awer meeschtens méi staark wéi déi, déi sech u normale Schaueren oder schwaachen Donnerwiedere forméieren.

Eng Superzell ass ufanks e normaalt Donnerwieder, wat bestëmmt Zutate brauch, vir a Rotatioun ze geroden. Déi wichtegst ass: Wandscherung. Als Wandscherung gëtt déi rasant Ännerung vu Wandvitesse a Wandrichtung mat der Héicht bezeechent, wouduerch et zu enger horizontaler Rotatioun kënnt. Zitt den Opwand vun der Donnerwiederzell d’Rotatioun an d’Vertikaalt, geréit de ganzen Opwand a Rotatioun. Gëtt dësen Zoustand wärend enger gudder véierel Stonn bäigehale, ass eng Superzell gebuer.

Net ze vergiessen awer déi offensichtlechst Gefor vun engem Donnerwieder: de Blëtz. Blëtzer ginn et a verschiddene Forme, Längten a Stäerkten. Zu den Haaptzorte gehéiert de “Wollek Wollek-Blëtz” an den “Wollek Buedem-Blëtz”. 80 % vun alle Blëtzer schloe net um Buedem an a stellen domadde keng gréisser Gefor vir de Mensch duer. De Wolléck-Buedem Blëtz, also en Äerdblëtz, kann awer erhiefleche Schued uriichten an ass vir Mënsch an Déier liewensgeféierlech.

D’Äerdblëtzer si nachemol an zwou Kategorien ze ënnerdeelen: positiv a negativ. E positive Blëtz ass mat bis zu 400.000 Ampere oft méi wéi duebelt sou staark wéi ee negative Blëtz. Den Donner dovunner ass besonnesch haart a ka souguer vir Vibratioune suergen.

Déi meescht Äerdblëtzer si negativ an trieden tëschent der negativ geluedener ënneschter Wollékenënnersäit an dem Buedem op. Ongeféier 5% dovunner kënnen awer och aus dem ieweschte, positiv geluedenen Deel kommen, wat dann e positive Blëtz ass. Dës sinn dofir bekannt, oft wäit vum eigentlechen Donnerwieder fort wéi aus dem guernäischt anzeschloen. Dohier gëtt geroden, och wann en Donnerwieder nëmmen a Siichtkontakt ass, Schutz ze sichen.

Eng méi onbekannt Aart vu Blëtzer sinn Sprites. Sprites goufe viru nach net all ze laanger Zäit, den 21. September 1989, vun enger héichopléisender Videokamera vum Space Shuttle aus opgeholl. Sprites oder och nach Blue Jets trieden an der Ionosphär, a bis zu 100 Kilometer Héicht op, an hunn en Zesummenhang mat de Blëtzer um Buedem. Wéi genee dës entstinn, ass nach net ganz ënnersicht. Gewosst ass awer, dass een se och vum Buedem aus beobachte kann, wa sech e méi staarkt Donnerwieder gutt 200 Kilometer vum Observatiouns-Standpunkt ewech befënnt. D’Sprites sinn dann an 10 bis 20° iwwert dem Horizont ze gesinn, mee jeeweils just vir 5 ms. Den Himmel muss dofir awer ganz kloer an däischter sinn.

Zum Schluss dann nach e klenge Fakt niewebäi: Elo am Moment sinn duerchschnëttlech 1.600 Donnerwiedere weltwäit agaangen, déi op ongeféier 0,3 % vun der gesamter Surface vun der Äerd optrieden.

Artikel Titelbild Copyright: Andreas Feichtmeier