Fir a Punkto Wiederprognosen serieux ze bleiwen, sollt ee net méi wäit wéi dräi Deeg an d’Zukunft kucken – oder méi genee gesot: d’Warscheinlechkeet, dass eng Wiederprognos net méi stëmmt, fänkt meeschtens scho vum drëtten Dag un ze klammen. Just bei verschiddene Grousswiederlage kann een och méi verlässlech doriwwer eraus kucken, wéi beispillsweis bei enger festgefuerener Héichdrockwiederlag. Bei sou enger Wiederlag läit beispillsweis e grousst Héich iwwer Mëtteleuropa, iwwerdeems Déifdrockgebitter net op eis Géigenden iwwergräife kënnen. Dëst ass awer net all ze oft de Fall, meeschtens ass d’Grousswiederlag eng méi variabel, wou ëmmer rëm e Wiessel tëscht héijem an déiwem Loftdrock stattfënnt. Oft maache Prognosen, déi iwwer 3 Deeg oder nach méi wäit erausgi, kee Sënn – et ginn awer Ausnamen.
Ier mir méi genee op d’Thema aginn, kucke mir eis un, vu wéi engem Zäitpunkt un een iwwerhaapt vun enger Laangfristprognos schwätze kann. Nieft der Laangfrist ginn et ënnert anerem nach d’Kuerzfrist, erweidert Kuerzfrist an d’Mëttelfrist. Vun enger Kuerzfristprognos schwätzt een, wann den Zäitraum vun enger Prognos tëscht 12 a 36 Stonnen an d’Zukunft geet. 36 bis 72 Stonnen entspriechen der erweiderter Kuerzfrist, 72 bis 240 Stonnen ziele schonn zu der Mëttelfrist.
D’Kuerzfrist hält dem no also scho no manner wéi 2 Deeg op, spéitstens vum drëtten Dag u schwätzt ee scho vun der erweiderter Kuerzfrist. Geet et doriwwer eraus, kënnt een an der Mëttelfrist un, déi en Zäitraum vun tëscht 3 an 10 Deeg beschreift. Ginn et eigentlech och nach meteorologesch Zäitskalen, déi nach drënner leien – also nach ënnert der Kuerzfrist?
Jo, déi ginn et – mee se spillen an de Prognosen, déi een z.B. um Fernsee gesäit, éischter eng méi kleng Roll. Ugefaange bei der immens kuerzfristeger Prognos, och nach Nowcasting genannt. E Nowcast beschreift d’Virausso fir en Zäitraum vun tëscht 0 an 2 Stonnen. Haaptsächlech fir Fluchhäfen ass dat immens nëtzlech, am Fall vun Onwiederlagen awer och fir déi ganz Allgemengheet. Mat dëser Aart a Weis vu Prognos steet d’Entwécklung vum Wieder stänneg ënner Iwwerwaachung. Als Beispill kann een e grousst Evenement huelen, wou vill Leit op engem Koup sinn, an et besteet parallel dozou d’Warscheinlechkeet vun zolitte Wiederen. Och wann d’Warscheinlechkeet fir eppes do ass, bedeit dat net, dass och wierklech Gefor bestoe wäert. Duerch de Nowcast léisst sech déi gesamt Wiederlag awer iwwerwaachen an op Basis vun deem, wéi et sech entwéckelt, kann ee korrekt handelen. D’Leit kuerzzäiteg a Sécherheet bréngen, se heemschécken oder och Entwarnung ginn, all dat hänkt vun der Gesamtentwécklung of.
Bësse méi wäit an d’Zukunft geet déi sougenannt Kierzestfrist, déi eng Prognos fir déi nächst 2 bis 12 Stonne beschreift. Och dës Skala ass éischter fir de Fluchverkéier nëtzlech oder ebe, genee wéi de Nowcast, fir speziell Wiederlagen wéi Onwieder.
Komme mir zréck op d’Mëttelfrist, déi jo en Zäitraum vu bis zu 10 Deeg an d’Zukunft beschreift. Alles wat doriwwer erausgeet, zielt zu der erweiderter Mëttelfrist bis hin zu der Laangfrist. Eng Laangfristprognos kann tëscht 3 a 6 Méint an d’Zukunft goen, mat spezielle Virgoensweisen a Modeller souguer nach méi wäit. Dës Laangfristprognose kann een awer op kee Fall sou eescht huele, wéi eng normal Virausso fir déi nächst dräi Deeg. Bei enger Kuerzfristprognos kann een den zukünftege Wiederzoustand inklusiv de meeschte Parameteren am Stonnentakt ermëttelen – wat bei enger Laangfristprognos net geet. Se ass net dofir ausgeluecht an erfëllt méi d’Aufgab dovun, e méigleche Wiedertrend auszemaachen. Gëtt et an Zukunft éischter dréchen, oder awer méi naass? Wäerte mir et haaptsächlech mat Déifdrockwieder ze dinn hunn, oder bleift den déiwe Loftdrock awer um Atlantik a mir gi vun héijem Loftdrock verwinnt? Esou Estimatioune loosse sech mat Modeller vun der erweiderter Mëttelfrist bis fréier Laangfrist maachen.
Interessant fir dës Episod vu Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder ass, wat d’Laangzäitmodeller dann iwwerhaapt fir déi nächst Méint sou op eis duerkomme gesinn. Genee wéi bei den anere Modeller, gëtt et och an der Laangfrist eng gréisser Auswiel u Modeller, déi ee matenee vergläiche kann fir méi oder manner op de selwechte Nenner ze kommen. Den Zäitraum dee mir uschwätze geet bis zu 6 Méint an d’Zukunft – dat ass schonn ze graff fir iwwerhaapt méiglech Grousswiederlagen ermëttelen ze kënnen. Méi ginn esou Modeller dofir benotzt fir ze kucken, wéi Parametere wéi Temperatur a Nidderschléi sech entwéckelen. Kéinten se iwwerduerchschnëttlech héich ausfalen oder gëtt et däitlech méi kill resp. méi naass wéi et sollt? Dëst kucke mir eis elo un.
Déi meescht Laangzäitmodeller rechnen domat, dass d’Warscheinlechkeet vun iwwerduerchschnëttlech héijen Temperaturen an de nächste Méint méi héich ass wéi vun ënnerduerchschnëttleche Wäerter. Den Abrëll kéint wat d’Temperaturen ugeet nach normal ausfalen, also mat enger Moyenne vun 8,7 Grad. Parallel dozou ass och bei de Nidderschléi keng gréisser Anomalie ze gesinn. An engem Abrëll reent et an der Moyenne 58,2 l/m² un der MeteoLux-Wiederstatioun um Findel.
De Mee soll et da lues a lues ufänken, liicht ze waarm ze ginn. Et kéint zu enger Anomalie vun tëscht 0,5 an 1 Grad kommen. Dat héiert sech net no all ze vill un, op déi méintlech Moyenne gesinn géif dat awer schonn eppes ausmaachen. Och a Punkto Nidderschléi kéinte mir bei duerchschnëttlechen 0,2 bis 0,4 l/m² den Dag manner ukommen wéi et normalerweis de Fall wier. Déi duerchschnëttlech Temperatur an engem Mee bedréit iwwregens 13 Grad an et reent 78,5 l/m².
Am Juni kéinte mir eis dem aktuelle Stand no ëmmer méi a Richtung Temperaturanomalie vu bis zu 1,5 Grad duer beweegen, iwwerdeems d’Nidderschlagsanomalie déi selwecht bleiwe soll. Mat knapp duerchschnëttleche 0,3 l/m² den Dag manner soll et ëmmer nach liicht ze dréche ginn. Am Normalfall reent et 79,9 l/m² an engem Juni – d’Duerchschnëttstemperatur läit bei 15,9 Grad.
Fir de Juli gesäit et sou aus, dass eis zwar nach eng positiv Temperaturanomalie vu bis zu 1 Grad erhale bleiwe kann, allerdéngs kéint et méi reene wéi soss am Duerchschnëtt. Déi iwwlech 71 l/m² kéinte mat 0,2 bis 0,4 l/m² den Dag iwwertraff ginn. D’Duerchschnëttstemperatur an engem Juli läit bei 18,2 Grad.
Den August gesäit bis ewell temperaturtechnesch no engem normale Mount aus. Mir sollten et rëm mat fir de Mount normale Wäerter vu 17,7 Grad ze di kréien. Net normal kéint et a Punkto Nidderschléi ausgesinn, wou e gréisseren Defizit berechent gëtt. Bis zu duerchschnëttlech 0,6 l/m² den Dag kéinten eis feelen, wat bei engem normale Wäert vu 75,4 l/m² schonn uerdentlech eppes ausmaache kéint. Um Enn vum Mount kéinte mir dem no bei engem Defizit vun 20 l/m² erauskommen.
Zu gudder Lescht dann nach de Mount September, deen zwar ëmmer nach bëssen ze waarm kéint ginn – allerdéngs wiere genuch Nidderschléi ze erwaarden. D’Duerchschnëttstemperatur vun 13,9 Grad kéint ëm 0,5 bis 1 Grad iwwertraff ginn. Mat ëm 0,2 l/m² den Dag méi wéi soss kéint et och méi naass ginn, wéi déi 76,3 l/m², déi normalerweis an engem September erofkommen.
Sou oder sou änlech soll et de Laangzäitmodeller no fir déi nächst Méint ausgesinn. Déi lescht Sätz ware keng Prognos, mee nëmmen eng reng Estimatioun. Dës soll dozou déngen, de méigleche Verlaf vun de nächste Méint a Punkto Anomalien aschätzen ze kënnen – eng genee Auskonft ginn se awer net. Dass et nach zu Ännerunge komme kann, ass also ëmmer méiglech bis hin zu warscheinlech. Ganz ouni Relevanz sinn des Estimatiounen awer net, well se fir 2018 an 2019 nawell eng gutt Trefferquot haten. Ob et och fir 2020 esou ass, steet nach an de Stären – onméiglech ass et awer net.