Tornadoen zu an ëm Lëtzebuerg: 2023 koumen eis zwee Stéck immens no

All Joer trieden och an eise Géigenden Tornadoen op. D’lescht Joer gouf et zwee Fäll, déi guer net mol esou wäit ewech waren. Een dovun wier bal an der Fiels erofgaangen.

Tornadoe ginn et och zu Lëtzebuerg

An de leschte Joren hu mir ëmmer erëm Beispiller erlieft déi ganz eendeiteg weisen, dass Tornadoen och zu Lëtzebuerg méiglech sinn. An der European Severe Weather Database (ESWD) si fir Lëtzebuerg bis ewell 8 confirméiert Fäll opgelëscht. Den eelsten geet esouguer op de 27. Februar 1606 zréck – deemools ass en Tornado iwwer Hollerich ewechgezunn. Weider Fäll gouf et am Laf vun de Joren zu Iechternach (1980), Wäisswampech (2012), Munzen (2014), Mënsbech (2015), Recken (2015) a Biissen (2015) – jo, d’Tornadoe vu Recken a Bissen sinn um selwechten Dag opgetrueden.


An der Datebank ginn et de Moment 8 dokumentéiert Tornado-Fäll zu Lëtzebuerg | Screenshot: ESWD.eu

An de Käpp vun de Leit ass awer virun allem nach de staarke Multi-Vortex-Tornado, deen de 9. August 2019 iwwer Lonkech, Péiteng a Bascharage ewechgezunn ass. Dat, well et de leschte war – mee virun allem, well et e rare Fall vun engem staarken Tornado war, deen duerch eng Wunngéigend gezunn ass. Op enger Streck vu 14 Kilometer goufe 19 Persoune blesséiert – klasséiert gouf en als F2-Tornado, wat an dësem Fall Wandvitesse vu bis ëm 240 km/h entsprécht. Déi virdrun opgezielt Tornadoen hunn nëmmen an Eenzelfäll gréissere Schued a bewunntem Gebitt ugeriicht, an dat och bei wäitem net esou zolidd wéi de Péiteng-Tornado.


Tornado nëmmen zwee Kilometer vun eiser Grenz ewech | Foto: Thierry Calderoni, 27.06.2021

Et muss ee betounen, dass et sech heibäi ëm just 8 dokumentéiert Fäll handelt. Et gëtt ganz sécher eng gréisser Donkelziffer. Net ze vergiessen ass och den Tornado vum 27. Juni 2021, deen direkt hannert der belscher Grenz zu Bernistap fir en zerstéierte Bauerenhaff gesuergt huet. Mat enger Stäerkt vun F3 war en esouguer méi staark wéi deen vu Péiteng.

Zwee Tornadoe koumen eis 2023 immens no

Een Tornado, deen eis d’lescht Joer immens no koum, hat sech d’lescht Joer am September un enger Superzell forméiert. Dës Superzell war den 21. September 2023 iwwert der Fiels ënnerwee an huet sech an d’Südäifel virubeweegt. Um Radar war schonn eng zimmlech markant Rotatioun ze erkennen, déi mam Passage iwwert déi däitsch Grenz ëmmer méi däitlech gouf. Séier war gewosst: Do besteet definitiv de Risk vun engem Tornado. Dohier hat ech op menger Facebooksäit och en Hiweis fir d’Leit am Raum Nusbaum erausginn.


Screenshot: Facebook

Zu dësem Zäitpunkt war den Tornado awer schonn amgaangen an huet dunn tatsächlech zu Nusbaum an an der direkter Ëmgéigend fir gréissere Schued gesuergt. Zwou Persoune goufen deen Dag blesséiert, iwwerdeems Stroummasten & Beem ëmgeknéckt goufen an och un den Haiser gréissere Schued ugeriicht gouf.

Wier d’Superzell, also d’Donnerwieder, wat den Tornado generéiert huet, nëmmen e bëssen éischter “Zeideg” gewiescht, dann hätt sech den Tornado och nach kuerz iwwer lëtzebuergesche Buedem beweegt.

Den zweeten Tornado ass den 22. Juni 2023 knapp nërdlech vu Bouillon an der Belsch opgetrueden – fir genee ze sinn zu Mogimont. E war e bësse méi schwaach wéi déi, déi mir bis ewell genannt hunn, an awer huet e fir vill beschiedegt a futtis Beem gesuergt. Glécklecherweis ass en och just iwwert dem Bësch bliwwen, et gouf keng Blesséierter. Dass et een Tornado war, gouf per Dronen-Opnamen a Radarbiller confirméiert.