Bilan: Den Dauerreen & déi éischt Iwwerschwemmunge vum neie Joer

E war am Viraus ugekënnegt an huet, wéi erwaart, fir entspriechend Biller gesuergt – den Dauerreen aus de leschte Stonnen/Deeg.

Norde vum Land am naassten

Elo, wou den Dauerreen eist Land verlooss huet, gëtt unhand vun den Donnéeën, déi duerch déi vill Wiederstatiounen uechter d’Land gesammelt ginn däitlech, wou et dann eigentlech am naaste war.

Situatioun war ofzegesinn

Météo Boulaide huet de vergaangenen Donneschden, 30. Dezember, eng éischt Kéier iwwer potenziell méi héich Reequantitéite geschriwwen – demools war dat Ganzt awer natierlech nach mat gréisseren Onsécherheete verbonnen. Fest steet awer, dass ee vum Donneschden un Dag fir Dag d’Modeller matverfollege konnt, wéi se no a no eng liicht Héichwaasser- an Iwwerschwemmungssituatioun berechent hunn. Wou d’Zeeche méi sécher goufen, gouf op dëser Säit um fréie Méindemoien eng Virwarnung erausginn, déi um Méindemëtten op eng Wiederwarnung vun der gieler Stuf eropgesat gouf.

Wéi vill Reen ass erofkomm?

Och schonn virun der Zäitspaan, an där sech den Dauerreen ofgespillt huet, huet et nawell gutt gereent. Un der ASTA-Wiederstatioun zu Esch Sauer sinn um Sonnden beispillsweis 15,6 l/m² zesummekomm, zu Furen (och ASTA) waren et 13,1 l/m² an och d’Kachelmannstatioun zu Béiwen war mat 12,2 l/m² gutt dobäi. Dat si nennenswäert Zommen, mee se ware nach net warnrelevant.

De warnrelevanten Zäitraum huet um Méinden ugefong, méi genee gesot um Méindemëtten an huet sech bis an den Dënschdenowend era gezunn. Wann ee sech op déi landeswäit Donnéeë bezitt, da fält op, dass um Méinden zumools de Norde vum Land mam meeschte Reen ewechkomm ass. Betraff war virun allem de Kanton Wolz, de nërdleche Réidener Kanton an den Dikrecher, wou Ettelbréck de naasste Punkt war.

Méinden

Zu Ettelbréck sinn um Méinden am ganze 44,5 l/m² Reen gefall, zu Béiwen waren et 43,4 l/m² an zu Esch-Sauer 40,8 l/m². Rued huet 37,2 l/m² gemellt, Furen 37,1 l/m², Bettenduerf 36,7 l/m², Dol 35,7 l/m², Eschduerf 32,3 l/m² an Ueschdrëf 31,7 l/m². Och Wolz, Schëmpech, Housen a Waldbëlleg hunn et op ronderëm 31 l/m² gepackt.

Dënschden

Den Dauerreen ass eis iwwer Nuecht an och esou gutt wéi de ganzen Dënschden iwwer erhale bliwwen. Vun der Verdeelung hier huet et net nëmmen an de selwechte Kantonen wéi um Méinden am meeschte gereent, mee zousätzlech och nach an enger zweeter Zon iwwert dem Süde vum Land: Kantonen Capellen, nërdlechen Kanton Esch-Uelzecht, südwestleche Kanton Stad, Gréiwemaacher a Réimech.

Wa mir am Norden ufänken, kann een un der Wiederstatioun zu Eschduerf nach eng Kéier 15,6 l/m² droprechnen, zu Ueschdref 31,7 l/m², zu Furen 15,3 l/m² an zu Béiwen 15,2 l/m². Esch-Sauer war nachemol mat 14,6 l/m² dobäi. Zu Ettelbréck, wou um Méinden schonn immens vill erofkomm ass, huet et zousätzlech 12,9 l/m² gereent, och Bettenduerf war nach eng Kéier mat 13,8 l/m² dobäi.

An der Südhallschent ass um Dënschden de meeschte Reen un der ASTA-Wiederstatioun zu Remerschen erofkomm, dat mat 20,9 l/m². Un zweeter Plaz kënnt Réiser mat 19,7 l/m², hannendrun Réimech mat 19,3 l/m² an duerno Trënteng mat 18,9 l/m². Eng 18,9 l/m² hate mir och zu Recken op der Mess, ier mir mat 16,5 l/m² op Kënzeg kucken.

D’Top 5

Hei dann d’Top 5 vun de Reenzommen vum meteorologesche Méinden & Dënschden zesummegerechent.

  • Béiwen: 58,6 l/m²
  • Ettelbréck: 57,4 l/m²
  • Esch-Sauer: 55,4 l/m²
  • Furen: 52,4 l/m²
  • Bettenduerf: 50,5 l/m²