Radio 100,7: D’Ozonschicht – Schutz géint d’UV-Stralen

Si ass e Schutzschëld an ouni si wier e Liewen op der Äerd net méiglech. Rieds geet vun der Ozonschicht.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Ganzen Text fir matzeliesen

An enger Héicht vun tëscht 15 a 50 Kilometer ass eis Stratosphär ze fannen. An dëser gëtt et eng wichteg Schicht, déi fir d’Liewen op der Äerd wichteg ass: D’Ozonschicht. Dës läit a 15 bis 35 Kilometer Héicht. Un hir gëtt de Sauerstoff duerch d’Energie vum Sonneliicht a seng zwee Sauerstoffatomer gespléckt. Dës Sauerstoffatomer reagéiere mateneen a kënne sech och am Dräierpaak zesummendinn. Ass dëst de Fall, dann entstinn Ozonmoleküller.

Duerch d’Ozonschicht gëtt e groussen Deel vun de Sonnestrale gefiltert a verhënnert doduerch, dass ze vill ultraviolett Stralung de Buedem areecht. Dëst ass liewenswichteg, well déi staark ultraviolett Stralung eng Gefor fir de Mënsch, d’Planzen an och d’Déieren ass. D’Zelle vun de Planzen a vun den Déiere ginn zerstéiert, och de Mënsch ka geféierleche gesondheetleche Schued erleiden. Kritt Dir e Sonnebrand, da kënnt dëst duerch en ze laangt Ophalen am Fräien, iwwerdeems d’UV-Konzentratioun héich ass. Wann d’Ozonschicht stabil an intakt ass, déngt se als grousst Schutzschëld virun der wierklech staarker an aggressiver UV- Stralung. Mee opgepasst: Et sollt een u sonnegen Deeg, virun allem am Summer, trotzdeem net op de néidege Sonneschutz verzichten. Och d’UV-Stralen, déi duerch d’Ozonschicht duerchdrénge, kënne bei ze laanger Dosis geféierlech ginn.

D’Sonn straalt e breede Spektrum un elektromagnéitescher Stralung aus. Dës hunn ënnerschiddlech Frequenzen a soumat ënnerscheet sech och all Kéiers d’Mooss un Energie. Am Liicht, wat mir gesinn, läit den Intensitéitsmaximum tëscht 400 a 700 Nanometer, wat ëmgerechent engem Milliardstel Meter entsprécht. D’Mënschen an Déieren op der Äerd notzen dëst Liicht fir hier Ëmgéigend ze gesinn, d’Planzen zur Photosynthese.

D’Sonn straalt awer och méi kuerzwelleg Wellelängteberäicher of, wéi Gammastralung, Röntgenstralung, eng e bësse méi laangwelleg Infraroutstralung, Mikrowellen, Radiowellen an eben och ultraviolett Stralung. Kuerzwelleg elektromagnéitesch Stralung huet e méi grousst Mooss un Energie opzeweisen. D’Gasen an der Äerdatmosphär si wéi e Filter, se absorbéiere nämlech 20 bis 40 Prozent vun dëser Stralung. Ongeféier 30 Prozent dovu ginn als Infraroutstralung an de Weltraum zréckreflektéiert.

UV-Stralung ass awer net gläich UV-Stralung. No hirer biologescher Wierkung gëtt se an dräi Wellelängeberäicher agedeelt. Der Definitioun vun der Internationaler Stralekommissioun (Commission Internatioanle de l’Éclairage) no beleet déi éischter onschiedlech UV-A Stralung de Beräich vun 315 bis 400 Nanometer. UV-B Stralung huet scho méi Energie an ass fir d’Liewen op der Äerd geféierlech. Se ëmfaasst e Beräich vun 280 bis 315 Nanometer. Déi nach méi staark UV-C Stralung läit am Beräich vun 190 bis 280 Nanometer, mee gëtt an der Stratosphär duerch d’Ozon- a Sauerstoffmoleküler ganz absorbéiert. Se kënnt also net op der Äerd un.

D’UV-B Stralung packt de Wee och net ganz bis op de Buedem. Knapp iwwer 90 Prozent dovu ginn duerch d’Ozonschicht zréckgehalen. D’UV- A Stralung an och d’Liicht, wat mir gesinn, kënnt sou gutt wéi ganz ongehënnert an ongefiltert duerch. Schwankt d’Zesummesetzung vun der Ozonschicht an der Stratosphär, huet dëst also och eng Auswierkung op d’Sonnenastralung hei ënnen um Buedem.

D’Schwankung vun der Ozonschicht kann engersäits duerch d’Zäregaser ausgeléist ginn, duerch déi den Ozon ofgebaut gëtt an doduerch méi schiedlech Stralung op d’Aërd erof kënnt. Mee och ouni mënschlechen Afloss schwankt déi afalend UV-B Stralung staark. Et hänkt dovun of, a wéi enger geographescher Lag ee lieft, mee och vun der Dages- a Joreszäit. D’Sonnenastralung ass am Wanter an den Trope beispillsweis net sou staark, wéi op Plazen, déi net an den Trope leien. Wat de Wee vun der Sonnestralung duerch d’Atmosphär méi kuerz ass, wat och d’Filterung vun der UV-B Stralung méi geréng ass. Et gouf erausfonnt, dass dowéinst d’Intensitéit vun der ultravioletter Stralung em 10 bis 20 Prozent pro Héichtekilometer zouhëlt.

D’UV- Stralung ass an den Tropen am héchsten an hëlt a Richtung Nord- a Südpol hin of. Vergläicht een déi ultraviolett Stralung, déi den Äquator areecht mat där, déi um Nord- a Südpol gemooss gëtt, kënnt een op en ongeféier dausend mol méi héije Wäert.

An de mëttlere Breeten, also de geméissegten Zonen, ass d’UV Stralung op de Bierger a Koppen oder och iwwer d’Mëttesstonne méi héich wéi am Flaachland oder bei niddregem Sonnestand. Wolleken, Aerosoler a Schuedstoffer an der Loft verréngeren d’UV-B Stralung. Op lokaler Basis kann duerch Sonnestralen, déi duerch de Schnéi, Äis, Sand a Waasser reflektéiert ginn, d’UV- Stralung staark intensivéiert ginn. Méi wéi 90 Prozent vun der ultravioletter Stralung gëtt vum Schnéi reflektéiert.

D’Sonneliicht ass fir d’mënschlech Gesondheet immens wichteg, virun allem well et eise Kierper mat Vitamin D versuergt. Wann ee säi Kierper awer ze staarker Sonnenastralung an och ze laang aussetzt, da kann et zu gesondheetlechem Schued kommen. Dëst läit virun allem un de méi kuerze Wellelängteberäicher, déi jo, wéi virdru beschriwwen, eng gréisser Energie opweisen. Et kann ënnert anerem Hautkriibs ausgeléist ginn, mee awer och eng méi séier Alterung vun der Haut, Aenerkrankungen an d’Schwächung vum Immunsystem. Och Waasser schützt net géint UV-Stralung – se ka souguer bis zu 10 Meter déif an d’Waasser andréngen.

Dëst war den éischten Deel zum Thema Ozonschicht. Am zweeten Deel geet et haaptsächlech ëm d’Entdeckung an d’Konsequenzen vun den Ozonlächer. Ze héieren an zwou Wochen hei um Radio 100,7.