UPDATE zur Kalfront, hannendrun typescht Abrëllswieder
Muer erwaart eis eng zimmlech aktiv Kalfront, et ass mat Stuermstéiss ze rechnen. Hannert dëser Front gëtt alles ganz anescht wéi an de leschten Deeg. Advertisement
Muer erwaart eis eng zimmlech aktiv Kalfront, et ass mat Stuermstéiss ze rechnen. Hannert dëser Front gëtt alles ganz anescht wéi an de leschten Deeg. Advertisement
E Méinde steet eis jo, wéi gesot, e markante Changement un. D’Kalfront gëtt an Tëschenzäit och méi aktiv vun de Modeller berechent, schwéier Stuermstéiss an agelagert Donnerwieder kënne punktuell optrieden. Advertisement
De Moment hält sech de Reen jo zimmlech zréck – nach! Mam Changement, deen eis vun e Méinden un erwaart, gëtt et och erëm méi naass. Wéi vill kënnt dann erëm erof? Advertisement
Mir soe net fir näischt, dass ee nach vum Weekend sollt profitéieren. Vum Méinden un erwaart eis e Changement, deen eis awer nieft dem Reen a killen Temperaturen och e stramme Wand op Lëtzebuerg bréngt.
De Weekend iwwer hu mir weiderhin d’Chance, dass mir net dauernd musse mam Prabbeli ronderëmlafen. Déi déck Jackett brauche mir iwweregens och net. Advertisement
Wann dës Berechnunge sech duerchsetzen, dann hëlt eis den Abrëll geschwënn erëm zréck op de Buedem. Advertisement
An der Nuecht gouf et wärend enger kuerzer Zäit erëm bal esou waarm wéi am Dag, also gutt 24°C – begleet vun engem lokal stramme Wand. Mee wéi ass dat méiglech? Advertisement
Et ass eng Kalfront op Lëtzebuerg ënnerwee, duerch déi eis Temperature muer en uerdentlechen Dämpfer wäerten erliewen. Et gëtt gutt 10°C manner waarm wéi an de leschten Deeg. Advertisement
An dëser Woch geet et manner naass virun wéi an de bis elo schonn bal “gewinnten” Deeg. D’Temperature bleiwen, ofgesinn vum Dënschden, an engem mëlle Beräich. Advertisement
Haut hu mir de wäermsten Dag vum bisherege Joer, mee de richtege Summer kënnt op alle Fall nach net. En Dënschde gëtt et manner waarm. Advertisement
© ClearSky Solutions s.à.r.l.-S by Météo Boulaide