Bléck op de Weekend: Frëndleche Weekend mat agréablen Temperaturen
Eis steet e richteg frëndleche Weekend un. D’Sonn ass do, de Reen weist sech net an et ass esouguer agréabel waarm. Advertisement
Eis steet e richteg frëndleche Weekend un. D’Sonn ass do, de Reen weist sech net an et ass esouguer agréabel waarm. Advertisement
Fir de Rescht vum Mount gesinn d’Modeller net méi vill Reen op eis duerkommen. Duerch vill Sonn an agréabel Temperature bleift et gréisstendeels frëndlech. Advertisement
E sougenannte “Kaltlufttropfen” matten iwwer Däitschland huet de Moien erëm fir fraschteg Temperaturen zu Lëtzebuerg gesuergt. Advertisement
Änlech wéi d’lescht Woch en Donneschden ass och muer de Moien erëm mat zimmlech kille Géigenden ze rechnen, virun allem d’Däller am Norde si betraff. Advertisement
De “reeneregsten” Dag vun der Woch wier de Modeller no deen vun haut, allerdéngs gëtt et vu muer un erëm e gudden Tick méi kill. E Comeback vun de summerlechen Temperaturen ass awer trotzdeem méiglech.
Wéi zanter dem vergaangene Mëttwoch gesot, besteet haut de Risk vu punktuell méi kräftegen Donnerwieder an der Groussregioun. De Schwéierpunkt sollt sech zimmlech sécher awer bei eisen däitsche Noperen ofspillen. Advertisement
Virun engem Joer war d’Donnerwiedersaison schonn voll amgaangen. Op d’mannst véier Tornadoe waren duerch d’Bundeslänner Nordrhein-Westfalen & Niedersachsen gezunn, dorënner och Paderborn & Lippstadt. Advertisement
Zumools fir e Méinde ginn et Modeller, déi an enger Sträif vum Nordweste vun Däitschland erof iwwer BeNeLux bis an de Nordoste vu Frankräich eran mat punktuelle méi kräftege Schliet a Form vun Donnerwieder rechnen.
De Weekend iwwer geréit eis lues a lues eng Blos mat waarme Loftmassen aus Osten, duerch déi et virun allem e Sonnde fréisummerlech gëtt. Advertisement
Wéi ugekënnegt, war déi vergaange Nuecht nawell eng zimmlech kill. Et si Minusgrade gemooss ginn. Advertisement
© ClearSky Solutions s.à.r.l.-S by Météo Boulaide