Aussiichten

Ausbléck: Déif bei Portugal kéint eis nach eng Kéier eng Donnerwiederlag bréngen

No den deels zolitten Donnerwieder mat Iwwerschwemmungen a grousse Knëppelsteng en Dënschden rechnen d’Modeller elo mat enger weiderer fir d’Saison spéider Donnerwiederlag, déi sech e Méinde kéint bei eis ofspillen. E virsiichtegen Ausbléck. Titelbild-Hannergrond: wxcharts.com

Aussiichten

Bléck op de Weekend: Temperature klammen op ëm 27 Grad, dobäi meeschtens dréchen

An Tëschenzäit huet, wéi virausgesot, den héije Loftdrock erëm kuerzzäiteg d’Soen iwwert eist Wieder. Et bleift gréisstendeels dréchen an et gëtt nach eng Kéier spéitsummerlech waarm – genéisst et awer nach eng Kéier. Titelbild-Hannergrond: zoom.earth

Aussiichten

Ausbléck: Déif iwwert dem Atlantik gëtt eis d’Chance op weidere Wiermt-Virstouss

Déi méi laang spéitsummerlech Phas ass zwar definitiv eriwwer, mee geschwënn suergt en Déifdrockgebitt iwwert dem Atlantik fir e weidere kuerze Wiermtvirstouss. Titelbild-Hannergrondkaart: wxcharts.com Schonn vum Freiden u wäerten eis Temperaturen erëm klammen, bis e […]

Ausland

Medicane DANIEL: Stuerm a Libyen u Land gaangen, méi wéi 2000 Doudesaffer duerch extreeme Reen gefaart

Den DANIEL, deen an de leschten Deeg Deeler vu Griicheland, der Tierkei an och Bulgarien ënner Waasser gesat a ganz grousse Schued ugeriicht hat, ass gëschter a Libyen u Land gaangen. Soziale Medie no solle […]

Aussiichten

De Wochenausbléck: Tëschenzäitlech erëm héije Loftdrock, Richtung Weekend méi waarm

An dëser neier Wiederwoch wäert et verschidden Ofschnëtter ginn. Mir pendelen tëscht variablem a manner waarmem esouwéi och méi frëndlechem an dréchenem Wieder hin an hier. E Méinden erreechen eis schonn no an d’Ausleefer vun […]

Aussiichten

Update fir den Dënschden: Am Fall vun engem Donnerwieder zolitte Staarkreen méiglech

Am Virfeld vun enger Kalfront, déi eis eng Ofkillung bréngt, läit en Dënschden eng Konvergenzzon iwwert dem westleche Mëtteleuropa. Duerch dës klëmmt iwwert der Groussregioun de Risk vun deels kräftegen Donnerwieder, virun allem mat Staarkreen. […]